Ëmweltschutz Ëmweltministère: Arcelor-Mittal Crassier soll analyséiert ginn

De Crassier zu Déifferdeng soll an enger "ganzheetlecher Approche" op de Leescht geholl ginn. Dat seet de Spriecher vum Ëmweltministère, den Thomas Schoos. E Méindeg si sech Vertrieder vum Ministère, de Gemengen an ArcelorMittal bei enger Reunioun zum Theema doriwwer eens ginn.

Françoise Keller / cz

Arcelor Mittal

D'Gespréich mam Thomas Schoos vum Ëmweltministère


Een entspriechende Comité soll all dräi Méint de Suivi vun den Aktivitéiten um Crassier maachen. A wéi wäit d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert wäert ginn, ass den Ament nach net gewosst. Hannergrond ass ënner anerem, datt d'Wierksdeponie vun ArcelorMittal um Crassier keng Autorisatioun huet, an datt net genee gewosst ass, wéi eng Offäll do leien. ArcelorMittal muss dofir bis Juli wieder Informatioune liwweren a sech konform setzen.

Méi zum Thema

Arcelor Mittal
ArcelorMittal Crassier:

ArcelorMittal muss bis Juli dëst Joer weider Informatiounen iwwer hir Deponie zu Déifferdeng liwweren. Den Ëmweltministère bréngt eng Mise en demeure an d'Spill, wann ArcelorMittal dëser Verflichtung bis Juli net nokënnt.

Arcelor Mittal
Berichter iwwer "illegal Deponie"

ArcelorMittal géif keng riskant Offäll aus sengen aktuelle Produktiounsaktivitéiten op den Deponien um Crassier Déifferdeng deposéieren. Wéi eng Offäll aus der Vergaangenheet op den Dechargë leien, géif opgeschafft ginn.

Deponie
Buedemdeponien

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament véier Deponien, wou Camione Buedem vu Chantieren ofluede kënnen. Dat geet net duer, soen d'Entrepreneuren. Lëtzebuerg bräicht 12 Deponien, fir dem Besoin gerecht ze ginn.

Georges Engel a Roberto Traversini
Keng Steewoll a keng weider Deponien

D'Gemenge Suessem an Déifferdeng fuerderen d'Regierung op, keng Steewollfabrik a keng Deponien op hirem Territoire ze genehmegen. D'Projete wieren net ëmweltfrëndlech an net am Interêt vun der Populatioun.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen