Agrarsommet Ëmweltverbänn: eng ganzheetlech Strategie

"Mir brauchen eng ganzheetlech Strategie fir d'Landwirtschaft hei am Land." Dat fuerdere verschidden Ëmweltverbänn an engem gemeinsame Schreiwes am Kontext vum Agrarsommet. D'Biolandwirtschaft, de Klima- an den Ëmweltschutz misste vill méi staark an d'Ausaarbechtung vun den Zukunftspläng fir de Secteur mat afléissen.

Paule Rodesch / cbi

Landwirtschaft
Foto: Bigstock / AlexandrMusuc

Lauschteren


D'Vertrieder vun der konventioneller Landwirtschaft waren nom Agrarsommet zefridden. De Landwirtschaftsminister hat hire Fuerderunge schonn am Virfeld vun der Reunioun Rechnung gedroen, ënner anerem wat de Punkt vun der Reduktioun vum Véibestand am geplangten Agrargesetz ubelaangt.

En ze héije Véibestand

Ënner verschidde Konditiounen dierfe Bauerebetriber zukünfteg dann awer weider wuessen. Um Enn alles technesch Upassungen, déi de generelle Problem vum ze héije Véibestand am Grand-Duché net léisen, mengt de Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Dee misst un de Landverbrauch ugepasst ginn, et sollten also just sou vill Déieren um Betrib, respektiv zu Lëtzebuerg gehale ginn, wéi se och iwwer d'Gréngland gefiddert kënne ginn:

"An dat ass momentan guer net de Fall. Iwwert d'Halschent vun der Mëllech déi zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, kënnt aus dem Kraaftfudder an dat kënnt deelweis vum Aker oder et kënnt suguer aus Importfuddermëttel, wou dann erëm Deforestatioun domat verbonnen ass."

Eng nohalteg Landwirtschaft mat Véihaltung

Et misst eng Virgab ginn, datt mat deene Ressourcë geschafft gëtt, déi mer hei am Land hunn, betount de Raymond Aendekerk. Dee Moment kéint eng nohalteg Landwirtschaft opgebaut ginn, zu där d'Véihaltung natierlech och weiderhi kéint gehéieren.

Dat gesäit d'Direktesch vun der Biovereenegung Lëtzebuerg d'selwecht. D'Daniela Noesen bedauert, datt d'Biolandwirtschaft um Agrarsommet keen Thema gewiescht wier, obschonns d'EU an och Lëtzebuerg sech ambitiéis Ziler an deem Beräich ginn hunn. Et géif ëmmer gewaart ginn bis et ze spéit ass...

"Mir picken eis an eise Problematiken ëmmer een Deel eraus, wou mer wëssen, do fänkt et un enk ze ginn, a mir kucken net wäit genuch fir och ganzheetlech en Zesummenhank hinzestellen, datt mer fir d'Transition écologique de Bio vill méi misste mat op de Wee huelen."

D'Ëmstellung attraktiv maachen

D'Daniela Noesen betount, datt am Agrarsecteur eng Bereetschaft do wier, fir méi ëmwelt- a klimafrëndlech ze ginn. Ma d'Politik misst den néidege Kader an déi néideg Incentives schafen, fir esou eng Ëmstellung attraktiv ze maachen.

"Et muss eng Honoréierung stattfannen, déi an engem System leeft, datt mer och innerhalb vun der Saach virukommen. Spréch och einfach Ressource wéi Waasser, Buedem, wéi Déierewuel, all déi Saachen, fir déi ze verbesseren, dofir bräichte mer e System deen de Bauer och honoréiert."

Et bleift also vill Aarbecht. An deem Kontext begréissen d'Ëmweltverbänn an d'Biobaueren, datt en Zukunftsdësch soll geschaf ginn, un deem nieft den direkte Vertrieder aus der Bio an der konventioneller Landwirtschaft och Vertrieder aus der Zivilgesellschaft solle sëtzen.

Méi zum Thema

Kéi am Stall
Landwirtschaft

D'Regierung hat op den Agrarsommet invitéiert. Déi kriddelegst Punkte waren am Virfeld scho gekläert ginn. Gëschter um Donneschden koum och en Zukunftsdësch Landwirtschaft zur Sprooch.

Landwirtschaft
Interpellatioun an der Chamber

D'Bauere solle gestäerkt an d'Versuergung zu Lëtzebuerg soll sou wäit wéi méiglech gedeckt an nohalteg gemaach ginn. Et ginn awer Contrainte fir esou Pläng ëmzesetzen, huet et an der Chamber geheescht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen