Empfang vu Flüchtlingen an der Weilerbaach

42 Flüchtlingen aus Syrien sinn en Dënschdeg den Owend hei am Land ukomm. Ënnert hinne sinn 21 Kanner an zwou schwanger Fraen. D’Lëtzebuerger Regierung hat sech bereet erkläert des Réfugiéen opzehuelen.

Empfang vu Flüchtlings-Bus a Weilerbaach

Déi 42 Réfugiéë si mat engem Bus vun Heidelberg op Lëtzebuerg bruecht ginn. Si ginn am Foyër Héliar, an der Weilerbaach, ënnerbruecht, wou si mat Applaus empfaang goufen. Eng 50 Leit hate sech, virum Foyer Héliar versammelt, fir de Flüchtlingen aus Syrien ze weisen, datt si hei am Land wëllkomm sinn.

“Si solle sech gutt hei am Land spieren, a wa vill Leit hei sinn, da fille si sech wuel” – seet eng Dame déi an d’Weilerbaach komm war. Een Här bedauert, dass ee vu Lëtzebuerg aus wéineg Afloss op dëse Leit hir Situatioun hätt. Dofir wär et wichteg, dëse klenge Geste ze maachen.

Flucht wéinst de Kanner

Wéi laang déi eenzel Familljen op der Flucht waren ass schwéier soen. D’Erliichterung war hinnen an Gesiicht geschriwwen, wéi si an der Weilerbaach aus dem Bus geklomm sinn. Eng Réi vun de syreschen Elteren waren zu Tréine geréiert, wéi si mat hire Kanner vun der Integratiouns-Ministesch empfaang goufen.

20150908-weilerbaach-1000645

D’Corinne Cahen huet de Refugiéë gewënscht, dass si zu Lëtzebuerg Fridde fannen. A si huet verséchert, dass d’Kanner vun der nächster Woch u kéinten an d’Schoul goen. “Mir si virun allem wéinst eise Kanner fortgaangen”, äntwert ee Papp.

D’Kanner sollen elo hei zu Lëtzebuerg a classes d’Accueil integréiert ginn, hir Elteren solle Sprooche-Coursen ugebuede kréien.

Accueil zu Lëtzebeurg

Mat der Opnam vun dësen 42 Réfugiéë wëllt Lëtzebuerg dozou bäidroen Däitschland ze entlaaschten, wou an deene leschten Deeg Dausende vu Flüchtlingen ukomm sinn. Et wéilte vill Réfugiéen an Däitschland goen, well si dat Land gutt géife kennen, esou den Assisstant Social Patrick Grotz, deen d’Flüchtlinge bei hirem Trajet vun Heidelberg op Lëtzebuerg begleet huet. “Mir hunn hinne missen erklären, wou Lëtzebuerg läit, wéi grouss et ass, wéi vill Awunner mir hunn...”

Ob Lëtzebuerg an de nächsten Wochen nach weider Flüchtlingen ophëlt, déi viru kuerzem an Däitschland ukomm sinn, konnt Integratiouns-ministësch Corinne Cahen en Dënschdeg net soen.

20150908-weilerbaach-1000657

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen