Migratioun “Elo ginn d’Viktor Orbanen zefriddegestallt”

Et ass zu engem Revirement komm an der Manéier wéi d’europäesch Unioun mat der Migratiounskris ëmgeet. Nodeems an op d’mannst enger Partie Memberstaaten, wéi Daitschland a Lëtzebuerg, am Summer de Message “Wëllkomm” sollt heeschen, ginn elo d’Grenzen zougemaach, stellt de François Aulner an engem Kommentar fest.

Kommentar François Aulner

Vun Ufank un wéi den Exodus aus de Krisegebitter Syrien, Afghanistan, Eritrea am Fréijoer ugefaang huet, hunn eng Rei EU-Memberstaten – wéi virun allem Ungarn – insistéiert fir d’Grenzen zouzemaachen. Aner Länner wéi Däitschland hunn déi schwiereg Decisioun geholl, d’Responsabilitéit ze huelen, fir d’Fraen, d’Männer a Kanner op der Flucht mat Würd opzehuelen. Eng schwiereg Decisioun wéinst dem Drock vu méi rietspopulistesche Stréimungen am eegene Land, an der Limite u Ophuelcapacitéite fir souvill Mënsche. Vill Bierger hunn dat ënnerstëtzt.

Mee domadder ass et elo eriwwer. D’Viktor Orbanen ginn elo zefriddegestallt, well et Angscht gëtt viru Marine Le Pen,  Horst Seehofer oder Nigel Farage. D’Fortress Europe, d'Festung Europa gëtt elo verstäerkt.

Amplaz vu Mënschen ze schwätze, gëtt elo vu "Laascht" geschwat

Och wann d’Staats- a Regierungschef déi Metapher net gär héieren, a léiwer vun Ofséchere vun de Grenze schwätzen, sou muss een awer ganz objektiv konstatéieren: den Haapteffort louch am Summer doranner wéi d’Réfugiéen am beschten empfaang, integréiert a gerecht territorial verdeelt ginn. Elo ass den Haapteffort: wéi hale mer se dobaussen? Amplaz vu Mënschen ze schwätze, gëtt elo vu "Laascht" geschwat. Dixit Angela Merkel.

D’Ursaache vum Exodus – den éiwege Krich am Afghanistan, d’brutal Despoten an allen Häre Länner, a virun allem de Biergerkrich a Syrien – do hëlt d’EU sech vir, Léisungen ze sichen. A veruerteelt déi, déi am Konflikt involvéiert sinn – ausser déi déi fir déi Konflikter matresponsabel sinn. Op éischter Plaz d’USA.

Net ze spéit fir méi ze maachen wéi just nozekucken

A véier Joer ass vill Zäit a Blutt verluer gaang an déi puer Versich, eng Léisung am Konflikt ze fannen si lamentabel gescheitert. Russland an d’USA an hier Alliéiert bomme Syrien zou.

Mee vläit ass et nach net ze spéit fir en inconditionelle Waffenembargo ze verhänken, fir Pufferzonen z’etabléieren a Friddenstruppe mat kloerem Mandat ze déployéieren. Oder fir d’geopolitesch Interessien op d’Säit ze leen. Et ass net ze spéit fir méi maache wéi just nozekucken an ze veruerteelen.

Am Moment eskaléiert de Konflikt a Syrien. Et gi keng Wieder fir den Elend fir d’Leit an deem, mol schéine, Land ze beschreiwen. D’Migranten, déi stoussen an der Tëscht op zoue Grenzen, an d'Europäesch Unioun – wéi et schéngt – stéisst un hier Grenzen.

 

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen