EU Éisträichesch Sozialdemokraten am Sträit

Obwuel d'Beléiftheet vum éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz a senger konservativer ÖVP nogelooss huet, ka bis elo keng vun de groussen Oppositiounsparteie Kapital doraus schloen. Dorop déiten op d'mannst eng Partie Ëmfroen an Éisträich hin. Dëst huet wuel och domat ze dinn, datt dës Konkurrente politesch riets a lénks vun der ÖVP an der Lescht virun allem mat sech selwer beschäftegt waren. Nom Muechtkampf bei der riets-nationaler FPÖ war et an de leschten Deeg un de Sozialdemokraten, fir sech mediewierksam selwer ze demontéieren.

Stephan Polet / cz

Pamela Rendi Wagner und Hans Peter Doskozil SPÖ bei einer PK in Wien
Foto: picture alliance | CHROMORANGE / Weingartner

Nach virun engem decke Mount huet et gutt ausgesi fir déi sozialdemokratesch SPÖ an Eisträich. D'Parteicheffin Pamela Rendi-Wagner konnt als geléiert Doktesch an Epidemiologin an der Pandemie mat hirem Fachwësse punkten. A Sondage louch een deelweis nëmmen nach knapp hannert der ÖVP vum Sebastian Kurz. A bei der riets-nationaler FPÖ gouf sech drëms gestridden, wie Parteichef soll sinn. Dëse Sträit gouf mëttlerweil zu Gonschte vum riets-ausse Kandidat Herbert Kickl entscheet.

Elo ass awer en änleche Sträit an der SPÖ entstanen. Och hei geet et em d'Fro, wien un der Parteispëtzt soll stoen - an och hei geet et em déi ideologesch Ausriichtung vun der Partei.

Ausgebrach ass de Sträit viru gutt zwou Wochen nom Parteidag vun de Sozialdemokraten. D'Parteicheffin Rendi-Wagner gouf hei mat nëmme 75 Prozent vun den Delegéiertestëmme rëmgewielt - an dat obwuel et kee Géigekandidat gouf. Virun dräi Joer krut si nach 98 Prozent vun de Stëmmen.

Rendi-Wagner géint Doskozil

Doropshi gouf et eng Debatt, op d'Parteicheffin iwwerhaapt als Spëtzekandidatin fir d'Sozialdemokraten an déi nächst Wale soll goen. Als Haaptkritiker trëtt hei den Hans-Peter Doskozil op. De fréiere Polizist ass SPÖ-Parteichef am ost-éisträichesche Burgenland an do och Landeshauptmann.

Déi zwee hu sech an de leschten Deeg a verschiddene Medien hefteg - a virun allem ëffentlech - attackéiert.

Net ganz kloer ass dobäi d'Motivatioun vum Doskozil sengen Attacken. Him gëtt engersäits nogesot, selwer Ambitiounen op de Poste vum Parteichef ze hunn - eppes wat hien awer kloer vu sech weist.

Ënnerschiddlech Ausriichtungen

Kloer ass op alle Fall, datt Doskozil a Rendi-Wagner fir zwou Ausriichtunge vun der Partei stinn. Déi aktuell Parteicheffin ass an der Corona-Pandemie fir streng Lockdown-Mesuren agetrueden, wärend den Doskozil als Landeshauptmann am Burgenland méi schnell Lockerungen duerchgesat huet. Och an der Asylpolitik trennt déi zwee vill: Den Hans-Peter Doskozil trëtt hei schonn zanter Jore fir eng méi restriktiv Politik an.

Dohannert stinn och zwou verschidde politesch Strategien: Wärend d'Rendi-Wagner virun allem enttäuschte Wieler vun de Grénge wëllt uschwätzen, wëllt den Doskozil bei de rietse Parteien ofwerben.

Wéi eng Richtung sech an der sozialdemokratescher Partei an Éisträich duerchsetzt ass den Ament nach onkloer. Déi meescht Politologen si sech awer eens - den ëffentlech ausgedroene Sträit huet der Partei wuel keng nei Wieler bruecht.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Ee Grenzstein tëschent Tirol a Vorarlberg
Corona-Mesuren

An Éisträich fänken dëser Deeg zwee gréisser Experimenter ronderëm d'Corona-Pandemie un: am Bezierk Schwaz am Tirol gëtt bal déi ganz erwuesse Bevëlkerung geimpft, am Vorarlberg ginn et Lockerungen.

De Sebastian Kurz
Réckbléck

D'Corona-Pandemie huet och an Éisträich den Takt uginn. 2020 war dat éischt Amtsjoer vun enger neier Koalitioun an Éisträich. Eng Koalitioun, déi direkt e puermol op d'Prouf gestallt gouf.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Noriichten

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen