EU-ANTIKRISEPLÄNG Éisträiche Plan de relance: Déi sozial Dimensioun kënnt ze kuerz

An eiser Serie iwwer déi national Pläng kucke mer an Éisträich. D'Regierung zu Wien huet bei der Presentatioun ervirgestrach, dat een d'Konditiounen a punkto Klimaschutz an Digitaliséierung iwwer-erfëllt hätt. Et gëtt awer och Kritik um Plang: Et wiere net genuch nei Projeten derbäi an déi sozial Dimensioun géif feelen, soen Experten.

Stephan Polet (Wien) / tt

De Bundeskanzler Sebastian Kurz an de Finanzminister Gernot Blümel
De Bundeskanzler Sebastian Kurz an de Finanzminister Gernot Blümel. Foto: picture alliance | CHROMORANGE

Déi éisträichesch Regierung huet hire Plan de Relance gelueft: 46 Prozent vum finanzielle Volume géif a Klimaschutz-Projete fléissen, 41 Prozent falen an de Beräich Digitaliséierung. Domat hätt een d'Konditioune vun der EU méi wei erfëllt: hei goufe 37 respektiv 20 Prozent als Minimum uginn.

Retard op nordeuropäesch Länner ophuelen

D'Monika Köppl-Turyna ass Ekonomistin an Direktesch vum Patronats-noen Think-Tank Eco Austria. Si begréisst datt sou een héijen Undeel an de Klimaschutz investéiert gëtt. Dorënner falen och Fuerschungsprojeten an der Waasserstofftechnologie an emissiounsfräi Bussen.

"Was für mich bei solchen Maßnahmen wichtig ist, ist dass wir technologie-neutrale Projekte fördern - dass wir nicht die eine oder andere Technologie bevorzugen. Denn vorallem wenn es sich um langjährige Planung handelt, ist es natürlich nicht optimal, wenn wir alle unsere Kräfte und alle unsere Gelder in ein Projekt stecken, dass sich in paar Jahren dann doch als nicht optimal erweist."

Ee vun de staarke Punkte vum Plang wier, esou d'Ekonomistin, datt ronn 170 Milliounen an d'Digitaliséierung vun de Schoule solle fléissen an de Retard op nordeuropäesch Länner kéint opgeholl ginn.

Zoustëmmung kënnt an deem Punkt och vum Oliver Picek, Ekonom beim Gewerkschafts-noen Momentum Institut. Hie kritiséiert awer, datt d'Klimaschutzprojeten net mat enger klorer CO2-Erspuerniss beziffert ginn:

"Da war im urspünglichen Entwurf ein enorm hohes Ziel angestrebt, was völlig unrealistisch war. Das ist im entgültigen Entwurf jetzt verschwunden. Jetzt gibt es überhaupt keine Ziele, wieviel CO2 denn mit diesen Projekten reduzieren will."

Kritik: Et sinn net wierklech nei Projeten

Fir den Oliver Picek läit de grousse Manko vum Plang awer doran, datt kaum nei Mesuren dra wieren. Der Regierung no wieren zwee Drëttel vun de Projeten nei, well se nach net budgetéiert goufen. Wierklech nei wieren awer just 4 Prozent vun de Projeten a Geldvolum gemooss, esou den Ekonom. De Rescht wiere Projeten, déi scho wärend der Kris annoncéiert oder ëmgesat goufen, respektiv "etwas was noch nicht mit Geld bedeckt wurde, aber schon im Regierungsprogramm angekündigt ist."

Dat géif och op déi dräi gréisste Projeten am Plang zoutreffen: de Breedbandausbau, eng Investitiounsprimm fir Betriber an een Zuchtunnel. Obwuel d'Sozialpartner d'Regierung opgefuerdert hätten, fréi e Plang opzestellen, wier d'Regierung deem net nokomm, wouduerch zum Schluss net méi genuch Zäit bliwwe wier, fir nei Projeten auszeschaffen, esou d'Kritik vum Ekonom Oliver Picek.

Och d'sozial Dimensioun géif feelen

Him feelt och déi sozial Dimensioun vum Programm. Sou wier wéineg virgesinn, fir Aarmut an Aarbechtslosegkeet ze bekämpfen. De grousse Personalmangel an der Fleeg an an der Santé géif och net an Ugrëff geholl sinn.

Éisträich huet Projete mat engem finanzielle Volume vu 4,5 Milliarden Euro eragereecht. Déi tatsächlech Zomm déi vu Bréissel op Wien wäert fléissen, hänkt awer vun der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land of a gëtt fir den Ament éischter op 3,5 Milliarden - also eng Milliard manner - geschat.

Wann een dës Zuelen a Relatioun setzt mam PIB oder dem Gesamtbudget vum Staat, da wier kloer, datt d'Suen aus dem europäesche Plan de Relance fir Éisträich eng manner wichteg Roll spillen, ewéi fir aner Länner. Esou d'Ekonomistin Monika Köppl-Turyna:

"Hier muss man die Aussage vielleicht damit relativieren, dass es sich hier vor allem um Klima- und Digitalisierungsprojekte handelt, und das Klimabudget selbst ist deutlich geringer."

Den Oliver Picek weist och op sougenannte Spill-over-Effekter hin. Éisträich ass eng kleng oppen Ekonomie a vill vun de Nopeschstaaten, wei Italien, Slowenien oder Slowakei géife staark vum EU-Opbauprogramm profitéieren.

De Fazit vun den Experte fält also gemëscht aus. Éisträich géif ouni Zweiwel vum Programm 'Next Generation EU' profitéieren. Och wier de staarke Fokus op Klimaschutz ze begréissen. Op d'mannst dem Oliver Picek feelt awer déi sozial Dimensioun an et wier d'Chance verpasst ginn, fir wierklech nei Projeten ze entwéckelen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Pedro Sanchez
UE

L'Espagne doit recevoir 140 milliards d'euros du plan européen destiné à relancer d'économie. Madrid a déjà commencé à assigner ces fonds européens à des projets et compte bien de surmonter la crise du Covid-19.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen