Bilan vun de Betribswahlen
An 2959 Betriber goufen den 13. November nei Personaldelegatioune gewielt. Am Kräfteverhältnis tëscht den dräi Haaptgewerkschaften OGBL, LCGB an Aleba ginn et op den éischte Bléck keng radikal Changementer. Den OGBL bleift stäerkste Gewerkschaft am Land, den LCGB kann seng Positioun am Finanzsecteur ausbauen. An deem Secteur bleift d'Aleba trotz Verloschter a verschidde grousse Banke majoritär.
Lauschtert de Bilan am Moiespanorama vum 14. November:
Wéi hunn OGBL an LCGB an de verschiddene Secteuren a grousse Betrieber ofgeschnidden? Eng détailléiert Analyse an der Spezialemissioun vum 14. November: