Tripartite Éischt Mesurë geplangt

Bei der nationaler Tripartite zu Senneng goufen eng Rei vu Pisten zeréckbehalen als "direkt Äntwert" op de Chômage. Dat sot de Premier Xavier Bettel no Gespréicher vu ronn fënnef Stonne mat Gewerkschaften a Patronat.

Serge Kesseler / cbi

Tripartite
D'Nora Back (OGBL), de Patrick Dury (LCGB) an de Premierminister Xavier Bettel bei der Tripartite zu Senneng

Déi ganz Pressekonferenz lauschteren


Wéinst beonrouegenden Zuele vun der ADEM soll ganz kuerzfristeg reagéiert ginn, esou de Premier no senger éischter Tripartite-Sitzung. Wann ëm den Interesse vum Land geet, da kéint d'Regierung mat de Sozialpartner an déi richteg Richtung goen, huet de Xavier Bettel betount.

Bei de geplangte Mesurë géif et dorëm goe fir méi Leit an den Apprentissage ze kréien, Leit an den Entreprisen ze behalen, a Leit aus der Aarbechtslosegkeet erauszekréien. D'Aide à l'embauche soll beispillsweis bestoe bleiwen an den Alter vu 45 Joer soll reduzéiert ginn.

Wann Entreprisë méi Léierplazen ubidden, solle si eng staatlech Hëllef kréien. Hëllefe sollen et och fir d'Kreatioun vu Betriber ginn. Méi Detailer dozou sollen et d'nächst Woch ginn, op enger Pressekonferenz vum Premier a vun de béide Vizepremieren, nodeem déi geplangte Mesurë vum Regierungsrot guttgeheescht goufen.

Nieft Verbesserunge bei der Aide à l'embauche, wier et wichteg, datt oppe Plaze bei Staat a Gemenge besat ginn, an datt d'Regierung viru staark investéiert, esou de Premier.

De Patronatsdaachverband UEL an d'Gewerkschaften hu sech no de Gespréicher vun haut relativ zefridde gewisen. Eng weider Tripartite-Sitzung ass fir den Hierscht geplangt: da soll ënner anerem de Bilan gezu gin vun deem, wat haut decidéiert gouf.

Méi zum Thema

Sozialdialog
Gesellschaft an Aarbechtswelt

Wéi steet et ëm de Sozialdialog, kuerz virum Enn vum Etat de Crise an e puer Woche virun der ugekënnegter nationaler Tripartite Ufank Juli? Dat war den Dënschdeg Theema an der Chamber.

Xavier Bettel
Sozialdialog

"Ech sinn der Meenung, datt eng Tripartite schonn néideg wier", esou de Xavier Bettel haut no senge Gespréicher mat de Sozialpartner am Schlass zu Senneng. Et wier wichteg fir d'Land ze stäerken an de Chômage niddreg ze halen.

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen