Flüchtlingen Éischt Flüchtlingsfamillen zu Ettelbréck ukomm
Wéinst der Flüchtlingskris goufe verschidde Site fir den Accueil vun Asyldemandeure provisoresch ëmfunktionéiert, dat gëllt fir d'Maternité, d'Logopädie an eben och fir d'Annexe vum Ettelbrécker CHNP. D'Caritas ass ënnert anerem zoustänneg fir de Suivi vum Foyer vun Ettelbréck, wou déi éischt Famillen empfaange goufen.
E Gebai geet net duer
Déi alternativ an nach provisoresch Gebaier ewéi zu Ettelbréck sinn néideg, well d'Strukture vum OLAI, mat 2.400 Plazen, net méi duergi fir d'Asyldemandeuren, déi bannent kuerzer Zäit ukomm sinn, ënner Daach ze kréien. Mee ee Gebai geet net duer – wichteg ass och den Encadrement vun de Flüchtlingen, déi dacks Kanner bei sech hunn, seet den Yves Schmidt. An de Conventioune mam OLAI, dem Office d'accueil et d'intégration, ass jo och virgesinn datt ee ganze soziale Suivi garantéiert gëtt.
Ee Besoin gëtt et zu Ettelbréck weiderhi fir Persounen ze fannen déi Sproochecourse fir Erwuessener kéinten ubidden. Wéinst de sproochleche Schwieregkeeten intervenéieren de Moment Iwwersetzer op der Plaz, ënner anerem och mat de Nopere rondrëm.
AUDIO
De Bäitrag vum Carole Schimmer