Impfstrategie Eethikkommissioun: "Ze fréi fir en detailléierten Impfplang"

D'Presidentin vun der nationaler Eethikkommissioun betount, et dierft een de Leit bei den Impfunge keng falsch Versprieche maachen. Et hätt am Moment nach kee Wäert en detailléierten Impfplang mat ville verschiddene Etappen auszeschaffen, esou d'Julie-Suzanne Bausch.

Rick Mertens (Interview) / Tessy Troes (Web)

Julie-Suzanne Bausch
D'Julie-Suzanne Bausch ass d'Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun. Foto: Archiv

Et wier d'Leit "hanner d'Liicht geféiert", wann een hinnen eng Impfung an Aussiicht stellt, éier den néidege Vaccin dofir disponibel ass.

Am Moment wier et dofir och nach ze fréi fir driwwer ze schwätze wéi eng Beruffsgruppen eventuell virun anere solle geimpft ginn, seet d'Presidentin vun der Eethikkommissioun.

"Et ass einfach momentan nach guer net méiglech esou wäit ze denken. Mir sinn an der Phas 2, an déi kann eréischt am Mäerz ëmgesat ginn. Dat heescht: Et ass net, datt déi Diskussioun do net misst gefouert ginn. Se gëtt jo och am Ausland gefouert. An do muss een herno no den eethesche Krittäre kucken. Mir sinn eng bio-ethesch Commission consultative, a mir huele bio-ethesch Krittären, an dat ass momentan Liewen an Iwwerliewen."

Hir Kommissioun beréit d'Regierung beim Ausschaffe vun engem Impfplang. Am hirem Avis vun en Dënschden huet et geheescht, datt verschidde Beruffsgruppen - d'Arméi, d'Police, d'Giichtecher am Prisong oder d'Enseignanten zwar am Beruff méi Kontakt mat Leit hätten, wéi anerer.

Mee et dierft een net vergiessen, wat de But vun der Impfcampagne wier: nämlech d'Stierflechkeet an d'Morbiditéit ze reduzéieren an de Fonctionement vum Gesondheetssystem ze erhalen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Julie-Suzanne Bausch
Informateschen Traçage

Den nationalen Eethikrot begréisst, datt d'Regierung sech net méi ganz géint eng Corona-Tracking-App verschléisst. Fir d'Presidentin vum Nationalen Eethikrot Julie-Suzanne Bausch wier et wichteg eng App ze consideréieren.

Net verpassen

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen