Datebanken Ee gesetzleche Kader fir d'JUCHA

Spéitstens Ufank 2021 wëllt d'Justizministerin hire Projet deposéiere fir eng spezifesch gesetzlech Basis fir déi wichtegst Datebank vun de Justizautoritéiten. Dat huet déi gréng Politikerin Sam Tanson am 100,7-Interview ugekënnegt. Een zweete Gesetzesprojet fir ze reegelen, wéi eng Donnéeën dierfe benotzt gi fir d'Honorabilitéit vun enger Persoun ze préiwen, soll schonn dësen Hierscht op den Instanzewee goen.

Serge Kesseler / cbi

Datebank
Symbolbild. Foto: Bigstock / maxxyustas

Am Avis vum Kontrollorgan ginn Adaptatiounen an eng spezifesch gesetzlech Basis fir déi wichtegst Datebank vun de Justiz-Autoritéite proposéiert. D'Aarbechten dofir wiere scho méi laang amgaang, esou d'Reaktioun vun der Justizministerin Sam Tanson. De Gesetzesprojet fir d'Reegele fir d'Police-Datebank soll an den nächste Woche finaliséiert ginn.

An dësem Projet solle fir de Police-Fichier déi selwecht Reegelen instauréiert ginn, déi dann op d'Justiz missten adaptéiert ginn, erkläert d'Sam Tanson, mee "dat sinn u sech déi selwecht Prinzippien". Am Rapport géif verlaangt ginn, datt preziséiert gëtt, wéi laang d'Date gehale ginn. Fir d'Sam Tanson ass den Haaptpunkt, datt de Bierger weess, wat mat sengen Date geschitt.

Verschidden Delaien

Esou wéi et am Avis steet, wier et wichteg d'Dateschutzreegelen, déi d'Justizautoritéite sech ginn hunn, och legislativ festzehalen, seet d'Ministerin. Momentan hätt d'Justiz sech selwer d'Restriktioun ginn, datt d'Donnéeën no engem respektiv dräi Joer geläscht géife ginn, jee no Infraktioun.

Aktuell géif awer diskutéiert ginn, op een net op fënnef Joer misst eropgoen. Parallel géif och diskutéiert ginn, bei wéi enge Fäll d'Donnéeë komplett aus dem System missten archivéiert ginn. Hei wéilt ee sech un der franséischer Legislatur orientéieren.

An de Conclusioune vum Avis hält d'Autoritéit de Contrôle Judiciaire ë. a. fest, datt den Accès vun enger externer Informatik-Entreprise op Donnéeë vun der Lëtzebuerger Justiz misst limitéiert a strikt kontrolléiert ginn. D'Autorité de contrôle judiciaire hat Enn Juli een Avis mat enger Analys iwwer déi intern Applikatioun JUCHA an den Dateschutz un de Premier an un de Chamberpresident geschéckt.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

François Bausch
Dateschutz

D'Gesetz iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz soll bis den nächste Summer nogebessert ginn, seet de François Bausch. De Minister fir bannenzeg Sécherheet seet, am Moment wier nach net kloer, wéi eng Adaptatiounen néideg sinn.

Charel Margue
Fichieren

Op de soziale Medien wier deelweis op eng "disproportionnéiert" Manéier Onrou geschaaft ginn, d'Press hätt awer eng "legitim" Aart a Weis gehat fir den Debat ze couvréieren, sou de President vun der Chamber Justizkommissioun.

Illustratioun Datebank maxxyustas
Datebanke bei Justiz a Police

D'Oppositiounsparteie sinn enttäuscht iwwer d'Äntwerte vun der CNPD. D'LSAP hält Nobesserunge vun der gesetzlecher Basis fir néideg. Fir d'CSV ass net d'Gesetz problematesch, mee d'Benotze vun de Fichieren an der Praxis.

Jean-Claude Franck Kommentar
Fichier Central

Et gouf vill Polemik iwwer eng Datebank vun der Police. D'Manéier, wéi d'ëffentlech Debatt mat ville Spekulatioune geféiert gëtt, bréngt dem Dateschutz an der Privatsphär wéineg, mengt de Jean-Claude Franck.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen