ECPAT-Direkter Thomas Kauffmann am Interview Mëssbrauchrisiko bei mannerjärege Flüchtlingen

Virun allem Mineuren déi net begleed sinn, sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner. Zu Lëtzebuerg géifen et den Ament 69 net begleete mannerjäreg Réfugiéë ginn. Déi Zuel huet e Freideg d’Unicef genannt.

ecpat_Photo_Monica Dahlstrom-Lannes.jpg
©ECPAT

Ronn 200.000 mannerjäreg Syrer sinn 2015 an Europa agereest. Virun allem net begleete Mannerjäreger sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner (ECPAT).

Zu Lëtzebuerg géifen et den Ament 69 net begleete mannerjäreg Réfugiéë ginn. Déi Zuel huet e Freideg d’Unicef genannt no Ofsprooch mat den Associatiounen a Strukturen um Terrain. An e puer Méint kéinten dat der schonn 100 sinn. Am Verglach sinn zu Lëtzebuerg eng 1000 Mineure placéiert, wat also 10 Prozent dovunner ausmaache géif.

D’ECPAT rifft dofir zur Virsiicht op. Zu Lëtzebuerg misste spezifesch Strukture fir den Accueil an de psychosoziale Suivi vun deene Kanner an d’Liewe geruff ginn, esou den Thomas Kauffmann vun ECPAT. D'Regierung soll eng Strategie entwéckelen esou den Appel.

Den Direkter vun ECPAT Thomas Kauffmann am Gespréich mam Gil Goebbels:

 

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen