Coronavirus zu Lëtzebuerg "Encourageant" Entwécklung vun den Infektiounszuelen

"Encourageant", fënnt den Epidemiolog vum Laboratoire National, de Joël Mossong, déi lescht Entwécklung vun den Infektiounszuelen. Et kéimen zwar Fäll bäi, mee déi prozentual Hausse pro Dag wier elo scho puer Deeg manner héich wéi dat nach d'lescht Woch de Fall war.

Pia Oppel / cz

Joël Mossong
De Joël Mossong ass Epidemiolog am LNS

Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Joël Mossong


Grondsätzlech wieren déi confirméiert Infektiounsfäll awer net esou aussokräfteg, wéinst enger méiglecherweis héijer Donkelziffer vun net bekannten Infektiounen.

"Dee Chiffer, deen eigentlech méi fiabel ass, dat ass leider dee vun den hospitaliséierte Leit. Dat wier wichteg, deen ze gesinn. Do muss een awer bedenken, datt deen och nach an den nächsten Deeg wäert an d'Luucht goen - a leider dee vun de Leit déi stierwen, och nach an d'Luucht geet. Dat ass elo ze erwaarden, well et ass jo een Delai am System. Déi Leit, déi elo an d'Spidol kommen."

Vun engem epidemiologesche Standpunkt aus gesi wier sech elo ze erwaarden, datt d'Zuel vun den Hospitalisatiounen a vun den Doudegen elo géif an d'Luucht goen a lues a lues warscheinlech manner nei Fäll dobäi kommen.

Wéini d'Aschränkunge fir d'Leit an d'Betriber nees kéinten opgehuewe ginn, kéint een zu dësem Zäitpunkt nach net soen, esou de Joël Mossong vum LNS nach. Och d'Erfarungswäerter aus dem Ausland wieren do nach net kloer.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen