Regionalwahlen a Frankräich “E Vollek huet ëmmer déi Politiker a Medien déi et verdéngt huet"

Politiker a Medien wëllen de Leit dat ginn, wat se mengen datt d’Leit wëllen. An d’Leit ginn de Politiker a Medien e Signal, dat d’Resultat vun der Politik a vun de Medien ass. Fir dësen Däiwelskrees ze briechen, muss sech villes änneren. 

François Aulner

Kommentar François Aulner
De François Aulner kommentéiert d'Resultat vum éischten Tour vun de Regionalwahlen

De Front national – rietsextrem, politesch inkorrekt, mee mëttlerweil salonfäeg – kann nom éischten Tour vun de Regionalwahle kloer vun engem groussen Erfolleg schwätzen, mat fënnef Millioune Stemmen. Dat ass awer véier Mol manner wéi déi 20 Millioune Wahlberechtegter, déi net wiele gaang sinn.

Firwat? Joerzéngtelaang hunn d’Droite an d’Gauche, ausser Skandaler - "Kasserolle", wéi een a Frankräich seet - net geliwwert. De Chômage ass geklomm, d’Wirtschaft stagnéiert, d’Integratioun ass gréisstendeels gescheitert, cohésion sociale ass e Friemwuert. Vill Leit wësse guer net méi wie se wiele sollen a gi léiwer op hirem fräie Sonndeg e Patt huelen oder an d’Geschäfter, déi mëttlerweil lo och Sonndes ophunn. Anerer ginn net wielen, well et se souwisou net interesséiert. D’Sportszeitung “L'équipe” ass déi meescht geliesten Zeitung. Dacks sinn et déi zwou Ursaachen.

Vun den 20 Millioune Fransousen, déi lo awer wiele gaang sinn, huet e Véierel de Front national gewielt. Fënnef Millioune Fransouse sinn, wéi et schéngt, Affer vum Échec vun den Zentrumsparteien, a vum Angschtklima, besonnesch no den Attentater. Ee Klima dat déi privatiséiert Medie gär förderen. Alleng de Generique vum Journal op TF1, eng alternéiert Versioun vum Film “Les dents de la mer”, mécht dat ganz gutt. “D’Land geet d’Baach erof" - zanter Joren all Dag deeselwechte Message.

“Un con qui vote..."

D’sozialdemokratesch a rietsliberal Parteie probéieren de Message scho laang verstan ze hunn. D’Adaptatioun vun hirem Language an e Language sécuritaire verschaaft hinnen awer net méi Stëmmen, mee fiddert, am Géigendeel, de Front national. An all Attacke géint de FN dréint d’Partei an eng Rechtfertegung ëm.

Fënnef Millioune Fransouse si fir méi een autoritaire Staat, géint den Islam, fir zoue Grenzen, géint d’Migratioun. 20 Millioune Fransousen, d’schweigende Mehrheit, si guer net wiele gaang. Wéi d’Journalistin Charline Vanhoenacker op France Inter sot: "Un con qui vote aura toujours plus de poids que deux intellos qui s’abstiennent."

Alleng d’Politik an d’Medie verantwortlech maachen ass ze einfach. E Vollek huet ëmmer déi Politiker a Medien déi et verdéngt huet. Politiker a Medie wëllen de Leit dat ginn, wat se mengen datt d’Leit wëllen. An d’Leit ginn de Politiker a Medien e Signal, dat d’Resultat vun der Politik a vun de Medien ass. Fir dësen Däiwelskrees ze briechen, muss sech villes änneren. D’Situatioun vun all Eenzelnem muss besser ginn. D’Stëmmung ënnert de Leit an ënnert de Communautéite muss och besser ginn. Fir dat ze kréie musse Politik a Medien hiren Discours änneren. A vun de Leit muss och e Mentalitéitswiessel kommen.

De Kommentar fir ze lauschteren:

Méi zum Thema

Front national.jpg
Regionalwahlen a Frankräich

Wat bedeit de gudde Score vum Front national bei de Regionalwahlen a Frankräich? Fir de Politolog Étienne Criqui ass et d'Resultat vun enger Entwécklung, déi awer net onbedéngt bis 2017 sou weidergeet.

Regionalen.jpg
Regionalwahlen a Frankräich

Am éischten Tour vun de Regionalwahlen a Frankräich huet de Front national op d'ganzt Land gekuckt déi meeschte Stëmme kritt, virun der Droite (Les Républicains, UDI) an der Gauche (PS, MRG).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen