Spéitstens am September soll déi nei Police-Spëtzt stoen

De Minister fir d'bannent Sécherheet Etienne Schneider wëll spéitstens bis September eng Décisioun huelen iwwert déi nei Spëtzt vun der Police. Viru kuerzem hat den Etienne Schneider jo ugekënnegt, dass de General-Direkter vun der Police Romain Nettgen, gefrot hätt fir säi Mandat net erneiert ze kréien an am Mäerz 2015 an d’Pensioun wëllen ze goen. An och de Chef vun der Inspection Générale de la Police,  Marc Zovilé, soll an d’Pensioun goen. De Chef vun der Police judiciaire, Patrice Solagna, soll sengersäits de Service wiesselen :

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-07-04-gg-PC07-Schneider-iwer-Police-Spëtzt.mp3"][/audio]

 

De Minister vun der “Sécurité Intérieure”, Etienne Schneider, hat haut och eng Entrevue mat de Police-Gewerkschaften iwwert déi geplangten Auditen an der Police. Et wär een sech eens ginn déi eng extern auszeschreiwen an d’IGP mat deenen internen Auditen ze beoptragen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen