E.Schneider (LSAP): "Bierger hate scho viru Campagne hir Positioun"

LSAP.jpg

Foto (v.l.n.r.): Etienne Schneider, Claude Haagen, Alex Bodry

D’Leit ware scho virum Referendum positionéiert an haten hir Meenung, sou d’Analyse vun der LSAP iwwert d’Walresultat. Et wär net gelonge fir e Changement ze bewierken an de Choix vun de Bierger géing honnertprozenteg respektéiert ginn. Op Nofro hinn sot de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, et hätt een et net mat engem "Vote sanction" géint d’Regierung ze dinn. Deemno géingen sech och keng politesch Konsequenzen erginn. Et wär wichteg gewiescht fir de Referendum ze maachen, fir d’Bierger un der Politik ze bedeelegen. Dem Fraktiounschef Alex Bodry no, géing d’Walresultat d’Bild vun enger konservativer Grondreaktioun erëmspigelen déi eng Majoritéit vun de Wieler hei hätt, déi géing zécke fir gréisser Changementer gutt ze heeschen.

Den LSAP-Vizepremier Etienne Schneider:

 

Den LSAP-President Claude Haagen:

 

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen