Etienne Schneider "E grousse Verloscht fir d'Regierung"
En Depart vum Nicolas Schmit aus der Regierung, wier dem Etienne Schneider no, "e grousse Verloscht fir d'Regierung". Am Interview mam Pierre Reyland, seet den LSAP-Vizepremier de Romain Schneider wier en "excellente Kandidat" fir de Poste vun Aarbechtsminister.
Et gouf kee Plang fir en Depart vum Nicolas Schmit aus der Regierung, gëtt den Etienne Schneider zou. Par konter wier vun Ufank vun dëser Legislatur un gewosst gewiescht, datt de Nicolas Schmit un engem europäesche Posten interesséiert wier an datt de Romain Schneider um Poste vun Aarbechtsminister interesséiert wier.
"Wat richteg ass, ass datt de Romain Schneider interesséiert ass fir d'Securité Sociale mam Aarbechtsministère ze kombinéieren", sou de Vizepremier. Dem Etienne Schneider no, wier de Romain Schneider "en excellente Kandidat" fir de Posten.
Fir den Etienne Schneider misst awer och op jidder Fall eng Persoun aus dem Osten de Nicolas Schmit an der Regierung ersetzen. Dës Persoun géing eenzel Ressorte vum Romain Schneider iwwerhuelen, wéi de Sport an d'international Kooperatioun. Zweet Gewielt bei der LSAP am Osten ass d'Deputéiert Tess Burton.
Lëtzebuerg géint London
Zwou Woche nom Brexit-Vote mécht d'Lëtzebuerger Regierung aktiv Promotioun a "Networking" fir Entreprisen, déi e Standbeen an der EU wëlle behalen, hei an d'Land unzezéien. De Wirtschaftsminister hätt eegenen Aussoen no och scho vill Kontakter gemaach. Nimm wollt den Etienne Schneider nach net nennen, well dës Informatioune wieren am Moment nach "aus zweeter Hand".
De Wirtschaftsminister huet awer folgend Beräicher genannt, déi fir Entreprisen interessant sinn:
- Finanz- an Assurance-Beräich
- Headquarteren
- Medien
- Start-upen (un Immigratioun gebonnen, betount den Etienne Schneider)
Steier-Dumping
Fir den Etienne Schneider ass d'Annonce vum britesche Finanzminister fir d'Betribssteieren erofzesetzen, déi éischt Rechnung, déi d'britescht Vollek wäert fir de Brexit bezuelen. Dës Mesure géing sengen Aussoe no, dem britesche Staat 50 Millioune Pond d'Woch kaschten an déi wiere schonn "duerch d'Päif".
Den Etienne Schneider ass dogéint, fir "an dee Steier-Dumping eranzegoen." D'Steiere wiere souwisou och net dat eenzegt wat ziele géing, fir Betriber op Lëtzebuerg ze lackelen. Wichteg wieren och ënnert anerem d'Infrastruktur, d'Villsproochegkeet an déi kuerz Weeër fir un d'Verwaltungen ze kommen.
Der CSV gehäit den LSAP-Minister Inkohärenz vir: den CSV-Fraktiounschef a Spëtzekandidat Claude Wiseler géing méi niddereg Steiere fir d'Betriber verlaangen, iwwerdeems den CSV-Parteipresident Marc Spautz virun engem Milliounen-Awunner-Staat géing warnen.