D'Zuel vu Pore vun der Kathoulescher Kierch soll daitlech reduzéiert ginn

No hirer Reorganisatioun behält déi Kathoulesch Kierch 32 bis 35 Poren am Land, esou de Generalvikar Leo Wagener am 100,7-Interview. Fir den Ament ginn et 274 Poren, déi a 57 Porverbänn regroupéiert sinn.

Aus enger Circulaire vum Generalvikar, am Context vun de Verhandlungen tëscht de Gemengen an de Kierchefabriken, geet ervir, datt an all Gemeng op d'mannst eng Kierch soll gehale ginn. Déi Kierchegebaier, déi fir de Culte geduecht sinn, solle wa méiglech grouss, zougänglech an an engem gudden Zoustand sinn. Bis Abrëll 2017 soll jo e spezielle Fong ënnert der Opsiicht vum Bistum agesat ginn, deen der Kathoulescher Kierch hir Gebaier an Zukunft geréiert an ënnerhält. Déi aner Kierchegebaier iwwerhuelen d’Gemengen.

De President vum Gemengesyndikat Emile Eicher proposéiert, datt d’Gemenge Proprietaire gi vun enger Rei Kierchen, fir se dann un d’Poren ze verlounen. De Generalvikar seet sech am 100,7-Interview skeptesch. Gemengeréit kéinten nämlech zu all Moment eng Desakraliséierung vun enger Kierch fuerderen. De Leo Wagener wëll dofir esouvill Kierche wéi méiglech behalen. Onkloer wier, wéi eng Käschten de Spezialfong misst selwer droen.

Lauschtert de Baitrag vum Carole Schimmer:

Net verpassen

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

  • Sot emol

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen