D’Twinerg zu Esch ka weider Stroum produzéieren

Déi Escher Twinerg gëtt, anescht wéi geplangt, net am Oktober zougemaach. No enger Decisioun vun der Belscher Regierung kann d’Gas- an Dampturbinnen-Anlag fir zwee weider Joere fonctionnéieren.

20150921-twinerg-


oto: ©Twinerg

Wéinst Problemer an den Atomzentralen Doel an Tihange hat d’Belsch virun enger Rei Joeren eng strategesch Reserve mat alternativë Stroumproduzente festgeluecht. Op Demande soll kënnen direkt op hire Stroum zréckgegraff ginn. “D’Kandidatur vun der Twinerg gouf zréckbehalen”, sot eis de Jean Lucius, Generaldirekter vum Co-Actionnaire Enovos International. Als Géigeleeschtung géif d’Belsch d’Käschte fir d’Maintenance iwwerhuelen.

Déi Escher Anlag, déi zesumme mat Electrabel GDF Suez an ArcelorMittal bedriwwe gëtt, hätt am Oktober sollen zougemaach ginn. Wéinst den niddregen Energiepräisser war d’Gas- an Dampturbinnen-Anlag net méi rentabel. “Dee Problem ass elo vum Dësch”, sou de Jean Lucius. Bannent den zwou nächste Woche géif d’Décisioun vun der belscher Energie-Ministesch Marie-Christine Marghem iwwert en Arrêté royal offiziell ginn.

Audio

De Baitrag vum Carole Schimmer:

 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen