Abrigado Drogepolitik lokal coordinéieren

Police a Justiz gi konsequent géint d'Drogekriminalitéit vir. De Patrick Klein vun Abrigado begréisst déi rezent Aktiounen. D'Problemer missten awer méi regional geléist ginn. An och net just an der Stad. Bei der Präventioun wënscht Abrigado sech eng besser Zesummenaarbecht mat den Enseignanten.

Mick Entringer / ys

Patrick Klein
Patrick Klein

Razziaen an Arrestatiounen am Drogemilieu: bis Uganks Mäerz sinn eleng an der Stad Lëtzebuerg iwwert 70 Persoune festgeholl ginn. Police a Justiz hunn eng breet Offensive lancéiert, d’Regierung huet sech eng Repressiounsstrategie ginn. Am Zwou-Woche-Rhythmus solle Perquisitiounen a Caféen a Wunnengen duerchgefouert ginn. Dat hat de Minister fir bannescht Sécherheet, Etienne Schneider annoncéiert.

D'Konsequenze vun der Repressioun

"D'Police Gëtt hiren Aufabe gerecht", seet de Patrick Klein. Hien ass Chargé de Direction bei Abrigado, där sougenannter Fixerstuff. Et wär un der Zäit gewiescht, datt am Garer Quartier fir Kloerheet géif gesuergt ginn. Abrigado géif als Effekt een Drogemangel um Marché constatéieren. Doduerch géif d'Qualitéit vun den Drogen erofgoen, den Zoustand vun de Cliente géif sech doduerch verschlechteren an d'Präisser géifen no uewe goen. Zousätzlechen fäert hien een Impakt op d'Beschafungskriminalitéit. "Awer d'Repressioun ass jo och een Deel vun der nationaler Drogepolitik", sou de Patrick Klein weider.

Problemer op der Plaz léisen

Niewent dem Asaz vun der Police fuerdert hien, datt och de Soziale Secteur an d'Servicer vun der Stad Lëtzebuerg géife bei der Sich no Léisunge mat abezu ginn. "Drogeproblemer besti fir d'Bierger haaptsächlech op engem lokalen Niveau," erkläert de Patrick Klein. An do misst een eng kohärent Strategie fannen, déi iwwer déi nächst Joere Bestand hätt.

Déi regional Drogepolitik dierft sech net just op d'Stad Lëtzebuerg limitéieren. Och Esch an d'Nordstad missten hir Hausaufgabe maachen. Mat der Fixerstuff géifen och Clienten aus anere Géigende vum Land ugezu ginn. "Sozial Aarbecht soll eigentlech do geschéien, wou d'Cliente liewen," seet de Patrick Klein. 2017 soll d'Fixerstuff zu Esch opgoen. Dovun erwaart hie sech 20 Prozent manner Drogenofhängeger an der Stad.

15 Prozent vun de Cliente géifen all Dag aus den Nord-Gemengen an d'Stad kommen. "Fir déi Mënsche misst een do uewen eppes ubidden. Wat ee proposéiert, muss nach genee diskutéiert ginn. Do ginn et verschidde Modeller, déi schonn an anere Länner efficace ausprobéiert goufen."

Preventioun an der Schoul

Och bei der Präventioun fuerdert de Patrick Klein eng besser Zesummenaarbecht zwëschen deenen eenzelnen Acteuren: "Mir hunn alles zu Lëtzebuerg. Mee d'Efficacitéit léisst ze wënschen iwwereg." D'Enseignante misste forméiert ginn, fir d'Präventioun an de Cours kënnen z'integréieren. Zum Beispill a Fächer wéi Biologie. Et géif drëm goen, fir d'Perséinlechkeeten vun de Kanner ze stäerken. Et wéilt ee keng Roboteren, mee Mënschen déi kéinten Entscheedungen treffen. Och par Rapport zu Drogen.


D'Fixerstuff an Zuelen

  • 200 Persounen passéieren all Dag an der Struktur
  • 4.000 Konsum-Virgäng ginn am Mount gezielt
  • Dovu just 1,7 Iwwerdosissen, wou den Dokter muss kommen
  • Abrigado huet 1.500 Notzer-Verträg mat Clienten

Site vun Abrigado: http://www.cnds.lu/abrigado/

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Alain Origer.jpg Riicht Eraus
Drogepolitik

Hei am Land ginn et ronn zweedausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. D'lëtzebuerger “Suchtstrategie”, cibléiert och de Konsum vu legale Substanzen.

Gil Goebbels

D'Regierung zitt net d’Konsequenzen déi sech imposéieren. Nämlech déi gescheitert Drogepolitik ze reforméieren. Duerch eng Entkriminaliséierung géifen Drogen net verharmlost, mengt de Gil Goebbels am Kommentar.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen