Drock vum Gilles Roth op Beamten ? Parquet ass domat befaasst
De Parquet ass mam Dossier befaasst gi vum méiglechen Drock vum Mamer Buergermeeschter op e Beamten. Den Inneminister huet dem Fonctionnaire juristesche Assistenz vum Staat assuréiert an den Dossier viru ginn. Dat sot eis de Minister Dan Kersch op Nofro hin. D’Decisioun, wat mam Dossier geschitt, läit beim Parquet. Hannergrond ass de PAG vu Mamer. Den Inneminister huet den 12. Dezember gesot, de Gilles Roth wier telefonesch bei engem Beamten intervenéiert an hätt mat Konsequenze gedreet. De Gilles Roth huet dat formell dementéiert.
Onofhängeg dovu muss de PAG iwwerschafft ginn. Den Inneministère an den Ëmweltministère hunn dem Mamer Schäfferot haut matgedeelt, datt ënnert anerem den Denkmalschutz muss am generelle Bebauungsplang eng Plaz fannen. Den aktuelle PAG bleift bis op Weideres a Kraaft well Mamer wëll géint déi rezent Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht an Appel goen.
Detailer iwwer d'Iwwerschaffe vum PAG an engem Bäitrag vum Jean-Claude Franck :
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-12-19-jcf-PB18-PAG-Mamer-gett-iwwerschafft.mp3"][/audio]