"Kommunikatiouns-Desaster iwwert d’Flüchtlinge verhënneren"

D’Politik muss d’Bereetschaft vun der Populatioun, fir Flüchtlingen z’empfänken, zesummebréngen a lieweg halen, fënnt de Serge Kollwelter. Fir de Member vum Cercle de Coopération des ONG mussen d’Leit transparent opgekläert ginn iwwert d’Flüchtlingssituatioun.

20150922-kollwelter-1009246

Den “Desaster vun der Campagne vum Referendum an der Kommunikatioun däerf d’Regierung sech net nach eng Kéier erlaben”, sot de Serge Kollwelter an eiser Emissioun Invité vum Dag. De Leit misst kloer gemaach ginn, datt ee net weess, wéi vill Flüchtlinge kommen, wat hiren Accueil kascht, datt dës Situatioun riskéiert ze daueren. Zu engem “kohärenten Discours” géif och gehéieren, datt déi politesch Responsabel op d’Retizenze vun anere Länner aginn.

Kompetenze vun de Flüchtlinge valoriséieren

Iwwer negativ Reaktiounen an der ëffentlecher Meenung mécht sech de Serge Kollwelter manner Suergen. Déi “puer Ratefänger” op de soziale Medien sollt ee net ze vill iwwerschätzen.

Fir d’Integratioun vun de Flüchtlingen hei am Land ze garantéieren misst d’Personal opgestockt ginn, haaptsächlech zugonschte vum sozialen Encadrement, manner vu Sécherheetsfirmaen. De Serge Kollwelter fuerdert, datt déi berufflech Kompetenze vun de Flüchtlinge valoriséiert ginn ier se eventuell de Refugiés-Statut kritt hunn, net eréischt duerno.

Krich a Syrien “wann alles aneschtes versot huet”

Virun allem misst een op d’Ursaache vun de Flüchtlingsstréim awierken. Fir de Member vum Cercle de Coopération heescht dat, legal Weeër fir d’Immigratioun schafen, quitte datt net jidderee kéint opgeholl ginn. An der EU wiere bis elo haaptsächlech Mesure geholl gi fir d’Immigratioun ofzewieren, “da fërdert ee just d’Tariffer vun de Schlepper”. Vu finanziellen Ureizer oder Strofen, déi e Quotesystem op EU-Niveau sollen ersetzen, hält de Serge Kollwelter näischt: dat “erënnert mech iergendwéi u sou e grousse Sklavemaart, do gëtt da gehandelt, kaaft a verkaaft”.

Wéinst de Beispiller vun Afghanistan a Libyen wier hie “ganz retizent” iwwert d’Optioun vun enger Militärinterventioun a Syrien. Op Krich géif een zréckgräifen, sou de Serge Kollwelter, “wann alles aneschtes versot huet”.

Audio

Den Interview vum Serge Kollwelter am Gespréich mam Mick Entringer:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen