"D'Referendumsresultat respektéieren, egal wéi et ausgeet"

untitled-1024x682.png

De Serge Wilmes ass der Meenung, datt seng Partei d’Resultat vum konsultative Referendum vum 7. Juni respektéiere muss. “D’CSV ka sech hirer Verantwortung nët entzéien an einfach maache wéi wa keng Majoritéit dobäi eraus komm wier – egal wéi grouss oder knapps déi Majoritéit wäert sinn”, esou den CSV-Deputéierten a Riicht Eraus um 100,7.

Et wier schued, datt d’Debatt iwwer d’Referendumsfroen nach net richteg lancéiert ass. Och d’CSV hätt kënne méi drop pochen an eng Diskussioun iwwer d’Zesummeliewen hei am Land lasstrëppelen, esou de Serge Wilmes, deen – anescht wéi seng Partei – fir d’Auslännerwahlrecht ass iwwert dat de 7. Juni ofgestëmmt gëtt. Donieft äusseren d’Lëtzebuerger sech am Referendum iwwer d’Limitéiere vu Ministermandater an iwwer d’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer.

De Serge Wilmes huet och begréisst datt d’CSV sech reforméiere wëll. Hie sot sech gespaant, wat den 28. Mäerz um Nationalkongress décidéiert gëtt.

Déi ganz Emissioun Riicht Eraus, moderéiert vum Jean-Claude Franck, fir nozelauschteren :

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen