Däitschland Dräi Kandidaten an d'Sich nom Profil

Virun zéng Méint huet d'Annegret Kramp-Karrenbauer hire Réckzuch vun der CDU-Parteispëtzt annoncéiert. Zanterhier stécht d'Partei an enger personeller Kris. Elo huet d'CDU en Datum festgeluecht, op deem en neie Parteichef gewielt gëtt. Iwwer e Walkampf, dee méi ass wéi just eng Personalfro.

Matthias Kirsch (München) / cbi

De Friedrich Merz, den Norbert Röttgen an den Armin Laschet
De Friedrich Merz, den Norbert Röttgen an den Armin Laschet. Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Bernd von Jutrczenka

Aller guten Dinge sind drei. An dësen Deeg hofft déi grouss, al Vollekspartei CDU, datt dat aalt Spréchwuert sech och dës Kéier nees als wouer erweist. No Abrëll an Dezember huet d'Parteispëtzt elo fir d'drëtte Kéier en Datum fir den nächste Parteidag festgeluecht. Wann alles no Plang leeft, wiele sech déi däitsch Konservativ de 16. Januar en neie Chef.

Mee dëse Parteidag - genee wéi och de Walkampf ëm de Chefposte virdrun - ass net iergendeen. Dat läit net just dorun, datt e schonn zweemol verluecht gouf. Et geet, ganz einfach, ëm d'Zukunft vun der CDU. An ëm d'Fro, wien d'Partei an déi Zukunft féiert.

Dës Woch souze sech déi dräi Kandidate Friedrich Merz, Armin Laschet an Norbert Röttgen bei enger CDU-interner Froeronn géigeniwwer. Eng net onwichteg Occasioun, schliisslech muss jiddweree vun hinnen als éischt emol d'Parteimembere vu sech iwwerzeegen. Ouni d'Basis am Réck, keng Wal zum Chef.

Kee Profil, keng Reiwung

No knapps annerhallwer Stonn ass de Fazit: allzegrouss Differenze gëtt et ënner den dräi Kandidaten net. Kee vun hinne kritt sech iwwer ee kloert Theema profiléiert an och de grousse Sträit bleift aus - souguer an der Fro, datt d'CDU intern méi misst diskutéieren, si sech d'Kandidaten eens.

Dobäi brauch d'CDU ganz dringend Profil. Zanter mëttlerweil méi wéi zwee Joer ass gewosst, datt d'Angela Merkel bei der Bundestagswal am kommende Joer net méi zur Verfügung steet. D'Partei verléiert hir Kanzlerin, hir Galiounsfigur - a potenziell och eng ganz Rëtsch Stëmme mat hir.

Well de Bléck op déi aktuell Sondagen hei an Däitschland kann täuschen. Jo, d'Unioun vun CDU an CSU steet am Moment ganz gutt do - allerdéngs hëlleft de Merkel-Bonus do ganz anstänneg mat. Genee dee wäert am nächsten Hierscht awer feelen. An och doriwwer eraus si besonnesch Merz a Laschet keng Kandidaten, déi an der ganzer Partei Support hunn.

Keng Garantie fir d'Kanzlerkandidatur

Datt dës Diskussiounsronn esou harmonesch war, huet dann awer e bëssen iwwerrascht. An de leschte Méint war den Discours haart ginn, besonnesch de Friedrich Merz huet sech ëmmer nees als Affer vum Establishment stiliséiert. De Grond fir d'Harmonie kéint natierlech sinn, datt d'CDU-Kandidate mëttlerweil och keng Garantie méi fir d'Kanzlerkandidatur vun der Unioun hunn - do huet den CSU-Chef a bayresche Ministerpresident Markus Söder nämlech nach e Wuert matzeschwätzen.

Éier d'Parteidelegéiert de 16. Januar hir Decisioun huelen, hu Merz, Laschet a Röttgen nach eng Kéier d'Geleeënheet sech ze profiléieren. Zimmlech genee eng Woch virum Parteidag, nämlech den 8. Januar, diskutéieren d'Kandidaten am Konrad-Adenhauer-Haus zu Berlin nach eng Kéier.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel Kommentar
Chronik

Virun de Feierdeeg wëllt d'Angela Merkel d'Zuel vun den Neiinfektioune bremsen. Ongewinnt emotional huet si sech e Mëttwoch bei enger Ried presentéiert, an dobäi genee de richtegen Toun getraff, fënnt de Max Tholl.

Shoppingzenter um Limbecker Platz
Däitschland

Den November-Shutdown hat praktesch keng Auswierkungen op d'Infektiounszuelen an Däitschland. D'Bundeslänner wëllen hir Corona-Mesuren ajustéieren - allerdéngs eréischt no Chrëschtdag.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen