Traureg Nouvelle Doud vum Jay Schiltz
De fréieren 100,7-Chefredakter, Auteur a Kabarettist ass am Alter vun 62 Joer no enger Kriisbkrankheet verstuerwen. De Jay Schiltz war vun 2002 bis 2013 Chefredakter vum radio 100,7 - e Radio, fir deen hie 16 Joer laang geschafft huet, an op deem hie sech virun allem mat senge schaarfe politesche Kommentaren iwwer d'Politik an d'Gesellschaft en Numm gemaach huet.

Den Audioporträt iwwer de Jay Schiltz lauschteren
Seng wichtegst Kommentare goufen an engem Sammelband "No comment" publizéiert. Virun der Zäit beim 100,7 huet de Jay Schiltz an der Radio- an Tëleesredaktioun vun RTL geschafft. De Jay Schiltz war awer och bekannt als Kabarettist an Auteur. 2006 an 2009 huet hien d'Béierdeckelsgespréicher fir de Cabaret Roude Léiw geschriwwen.
Vun 1991 bis 2014 huet de Jay Schiltz och Theaterstécker op Lëtzebuergesch geschriwwen, ënner anerem "E Kapp voller Wolleken", "E Wäibierg an Alaska" an "Angry ould birds". An der däitschsproocheger Erzielung Aschengänger huet de gebiertege Stengeforter un d'Schoah erënnert.