Disziplinaresch Prozedure beim Staat

An der Fonction Publique goufen et zënter 2003 iwwer 600 disziplinaresch Prozedure géint Beamten. A ronn 10 Prozent vun de Fäll huet e Beamte seng Aarbecht verluer. Op déi Zuelen, déi ëffentlech zougänglech sinn, huet de Quotidien gëschter opmierksam gemaach. Am Kloertext: disziplinaresch Prozedure beim Staat sinn näischt aussergewéinleches. Mä zënter der Geheimdéngscht-Affaire si se méi mediatiséiert.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/JCF-SREL.mp3"]

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen