Gehälterstruktur beim Staat "Diskriminatioun" vun de Chargéen am Enseignement

Chargéen am Enseignement verdénge manner wéi aner Staatsbeamten. Och wa si déi selwecht Diplomer hunn. D'Associatioun vun de Chargéë fuerdert d'Unerkennung vun den Diplomer an der Gehälterstruktur.

Carole Schimmer / ys

Luc Wildanger
Luc Wildanger, President vun der ACEN

D'ACEN fuerdert eng Unerkennung vun den Diplomer an der Gehälterstruktur. D'Associatioun vun de Chargéeën am Enseignement huet eng 700 Memberen. Am Enseignement ginn d'Chargéë mat Master a Bachelordiplom am Grad A1 respektiv A2 als Employé de l'Etat rekrutéiert. Fir d’Chargéë mat enger Meeschterprüfung gëllt de Grad B1. An der Gehältertabell komme si awer vill méi schlecht ewech ewéi aner Staatsemployéen.

"Do ass eng kloer Diskriminatioun vun de Chargéen am Enseignement erkennbar", seet de Luc Wildanger, President vun der ACEN. D'Associatioun geet dovunner aus datt an de Verhandlungen iwwert den Accord salarial tëscht dem Staat an der CGFP eng Upassung gemaach gëtt.

Dräi Diplomer am Reglement

Ausso vum Educatiounsminister Claude Meisch, datt d'Chargéen am Secondaire mat engem Bachelordiplom géife rekrutéiert gi wier carrement falsch, esou de Luc Wildanger. Déi dräi Diplomer stéinge ganz däitlech am Recrutementsreglement vum Educatiounsministère. Dat wier eng kloer Ausso an et kéint een net einfach behaapten am Fall vun de Chargéë wier et eng Bachelorkarriär, esou de President vun der ACEN.

"Mir sinn a Saache Verhandlungen iwwert den Accord salarial a Gespréicher mat all de concernéierten Acteuren. Jiddereen, dee mat der Schoul eppes ze dinn huet, seet eis Fuerderunge wiere gerechtfäerdegt. Mir ginn dovunner aus, datt wann d’Fakte bis gecheckt sinn, datt d’Regierung dovunner ofréckelt an déi dräi Diplomer unerkennt", seet de Luc Wildanger. An och wann d'Chargéen déi selwecht Aarbecht leeschten ewéi d'Enseignantë mat engem Fonctionnairesstatut ass et an den Ae vun der ACEN normal, datt am Enseignement een Ënnerscheed gemaach géif ginn tëscht dem Statut vun engem Fonctionnaire an engem Employé d'Etat. Aus deem Grond fuerdert d'ACEN wéinstens eng Gläichstellung mat den Employéë beim Staat an eng Unerkennung vun de Master, Bachelordiplomer a vun der Meeschterprüfung.

Gesetz vum Juni 2016

Fir den Ament verdéngen d'Chargéë während hirer gesamter Karriär 500.000 Euro manner ewéi ee Staats-Employé mam selwechten Diplom.

Am Gesetz vu Juni 2016 iwwert d'Chargéen ass eng Méiglechkeet virgesi fir déi Chargéen ze fonctionariséieren, déi zanter op mannst 15 Joer am Déngscht sinn. D'ACEN krut den Avant-Projet de Règlement grand-ducal fir een Avis ënnerbreet. "Eng Saach ass kloer! Ouni Diplomunerkennung wäert dee Règlement grand-ducal keng Leit animéiere fir déi Fonctionarisatioun ze maachen", esou de Luc Wildanger.

Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt, datt an Zukunft manner op Chargéen zréckgegraff gëtt. Genee Zuele feele fir den Ament, de Luc Wildanger geet awer dovunner aus, datt d'Chargéë prozentual nach méi Schoulstonnen halen ewéi d’lescht Joer.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Arendt a Patrick Remakel
Enseignement

D'Gewerkschafte vun den Enseignanten aus dem Fondamental si sech net eens iwwer déi aktuell Schoulpolitik. Dat weist sech ënner anerem an hirer Approche vis-à-vis vum zoustännege Ministère.

Jean-Lousi Gindt
Enseignement

Vun e Méindeg u gëtt de Cours “Liewen a Gesellschaft” enseignéiert. De Cours géif sech awer net vill vun deem ënnerscheeden, wat schonn zënter Joren gemaach géif ginn, fënnt den Einseignant Jean-Louis Gindt.

Schüler am Physiks-Cours
Enseignement

Wéi kann een de Schoulalldag besser gestalten? Wéi gesäit d'Schoul vun der Zukunft aus? D'Lycéesreform soll op d'Besoine vun de Schüler agoen, an nei Technolgien an d'Schoul bréngen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen