EuGH Zukunft vum Lëtzebuerger Registre des beneficiaires effectifs net kloer

Déi europäesch Antiblanchimentsdirektiv, op där dat Lëtzebuerger Gesetz vum Registre des bénéficiaires effectifs baséiert, verstéisst géint d'Grondrechter vun der Mënscherechtscharta a gouf dofir an Deeler invalidéiert. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff haut Dënschdeg decidéiert.

Cour de l'Union Européenne Luxembourg
Foto: picture alliance / Harald Tittel

D'Dispositiounen, datt all effektive Beneficiaire vun enger Gesellschaft, déi zu Lëtzebuerg agedroen ass, seng Geschäftszuelen zu all Moment a fir jiddweree visibel muss oppeleeën, wier deemno am Sënn vun der Mënscherechtscharta disproportionéiert an net op de strikte Minimum limitéiert.

Fir de betraffene Beneficiaire hätt esou en Abléck negativ Konsequenzen, zum Beispill kéinten déi Donnéeën abusiv agesat ginn.

Prinzipiell wier méi Transparenz an dëser Fro zwar am allgemengen Interessi, d'Methode wieren awer eben disproportionéiert. Och wann et an der Praxis schwéier wier fir genee Konditiounen opzestellen, wien wéini Abléck kéint kréien, sou kéint dat net en allgemengen Abléck an dës Informatioune justifiéieren, sou nach d'Geriicht.

Déi Lëtzebuerger Justiz hat beim Europäesche Geriichtshaff e sougenannte Renvoi préjudiciel agereecht, also nogefrot, ob dës Dispositiounen am Aklang mat europäeschem Recht wier.

Eng Societéit an ee Beneficiaire hate geklot. Déi Lëtzebuerger Geriichter mussen elo definitiv jugéieren.


D'Sam Tanson


An enger éischter Reaktioun huet d'Justizministesch Sam Tanson de Moien drop verwisen, datt hei virun allem déi europäesch Direktiv viséiert ass. Et misst een d'Urteel elo am Detail analyséieren an da nobesseren.

Méi zum Thema

Geldwäsch
Régistre des bénéficiaires effectifs

Wie stécht wierklech hanner enger Gesellschaft a wie sinn déi reell Beneficiairen? Mam neie Registre des bénéficiaires effectifs gëtt dat fir jiddwereen zougänglech. D'Gesetz trëtt haut a Kraaft.

Suen
Finanziell Transparenz

D'Gesetz iwwer e Regëster iwwer d'Bénéficiaires effectifs vu Kierperschaften, soll en Dënschdeg gestëmmt ginn. D'Oppositioun kritiséiert de Fong vum Gesetz, an d'Aart a Weis, wéi et soll duerchgeboxt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen