Digital Demokratie a Netzpolitik zu Lëtzebuerg

Eng Datz fir den Internetsite "Referendum.lu" gouf et den 20. Abrëll op engem Diskussiounsowend am CarréRotondes, déi de Chaos Computer Club organiséiert hat. De Marc Teusch (Informatiksenseignant), de Sven Wohl (Journalist a Member vun der Piratepartei), de Jerry Weyer (Piratepartei, a Partner bei der Berodungsfirma "Clement&Weyer"), de Jan Guth (President vum Chaos Comupter Club) an de Steve Clement (CIRCL) hunn iwwer d’Potentialer an d’Geforen vun der digitaler Demokratie diskutéiert. Hannerfrot gouf och, firwat netzpolitesch Theme wéi den Dateschutz an Netzneutralitéit nach ëmmer relativ wéineg ëffentlech Opmierksamkeet kréien.

Déi ganz Table-Ronde, moderéiert vum Pia Oppel:

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen