Differenze Patronat-Gewerkschaften "an der Natur vun der Saach"

Dem LCGB no sollen d’Betriber d’Fleegeversécherung matfinanzéieren, d’UEL fënnt dat "absurd". Soss ware sech de Gewerkschaftspresident Patrick Dury an de Generaldirekter vum Patronatsdaachverband Jean-Jacques Rommes op eiser Antenn eens, datt ee gutt matenee kéint diskutéieren. Bis vläit op nationalem Niveau.

dury&rommes

An der Tripartite géifen sech d'Gewerkschaften an d'Patronat schwéier doen. “Dat huet natierlech och domadder ze dinn, datt ëmmer rëm ee Reizthema ausgespillt ginn ass”, sot de Patrick Dury a Bezuch op den Index. Wéinst der niddreger Inflatioun wier dat den Ament awer keen Thema.

Sollen d’Betriber d’Fleegeversécherung matfinanzéieren?

De Knackpunkt mam Patronat hätt “ganz staark mam Finanzement vum Sozialstaat, mat den Infrastrukturen ze dinn”. Zum Beispill bei der Fleegeversécherung, déi jo reforméiert soll ginn. D’Patronat wéilt, an den Ae vum LCGB-Chef, “net méi an deem Mooss do matfinanzéieren”. An Zäite vu méi niddrege Recetten am Staatsbudget wier d’Responsabilitéit vun den Entreprisë gefuerdert.

“Dass d’Betriber solle matfinanzéiere fir d’Fleegeversécherung ass jo absolut absurd”, fënnt dogéint de Jean-Jacques Rommes. De Generaldirekter vun der Union des Entreprises sot, datt d’Betriber Steiere géife bezuelen an deemno schonn zum Sozialstaat géife bäidroen. Esou Differenzen an der Approche léichen "an der Natur vun der Saach", dee Constat deelen de Gewerkschaftler an de Patronatsvertrieder.

Entreprisë sollen net méi besteiert ginn, se solle méi géint de Chômage maachen

Zum Thema Steierreform war den LCGB-President relativ konziliant mat den Entreprisen: “ech wëll elo keng Diskussioun hunn, ob déi elo vill, ob déi elo mann bezuelen”. Him géif et drëms goen, d’Salariéen an d’Rentner z’entlaaschten. D’Betriber sollten net onbedéngt méi Steiere bezuelen, mee “eng aner Verantwortung an der Bekämpfung vum Chômage iwwerhuelen”. Do gesäit de Patrick Dury eng Alternativ. Am geplangten Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot wier een sech an deem Punkt no.

De Jean-Jacques Rommes wollt dem Avis, “deem seng Ambitioune schonn net immens héich sinn”, net virgräifen. Wat den Emploi betrëfft, hätten d’Entreprisen hir “Verantwortung geholl a mir sinn och bereet, se weider do ze huelen”. Fir den UEL-Generaldirekter géifen d’Betriber scho genuch Steiere bezuelen. Wéinst der Wirtschaftskris wieren d’Margen zesumme gefuer, an awer hätt een Aarbechtsplaze gehalen.

 

Audio

De Jean-Jacques Rommes an de Patrick Dury am Gespréich mam Mick Entringer:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen