Däitschland D'Fro vum haarde Lockdown
Déi däitsch Bundeslänner ajustéieren hir Corona-Mesuren. Et gëtt ëmmer méi evident, datt de sougenannten November-Shutdown praktesch keng Auswierkungen op d'Infektiounszuelen hat. Elo gëtt iwwer en en haarde Lockdown diskutéiert - allerdéngs eréischt fir no Chrëschtdag.

Haut de Moien huet d'Robert-Koch-Institut en traurege Corona-Rekord gemellt. An de leschte 24 Stonne sinn an Däitschland 590 Mënschen u Covid-19 gestuerwen. D'Corona-Situatioun an Däitschland leeft an dësen Deeg, sou huet en d'Gefill, e bëssen aus dem Rudder.
Zanter méi wéi fënnef Wochen ass d'Land elo nees an engem Shutdown, zanter Ufank Dezember gëllen Däitschland-wäit verschäerfte Reegelen. An trotzdeem ginn d'Infektiounszuelen net erof, si leie weider bei ronn 20.000 Neiinfektiounen den Dag.
"D'Land zur Rou bréngen"
Dowéinst gëtt elo nees iwwer en haarden, e wierkleche Lockdown diskutéiert: Geschäfter a Schoulen zou, Alkoholverbuet an der Ëffentlechkeet, eng wierklech Kontaktbeschränkung op eng oder zwou Persounen. D'Bundesland Sachsen, an deem d'Infektiounszuelen am Moment besonnesch héich sinn, huet gëschter virgeluecht.
"Mir mussen dëst Land zur Rou bréngen, d'Beweegungen aschränken. An dowéinst kommen dës aus menger Siicht aschneidend Mesuren", sot de sächsesche Ministerpresident Michael Kretschmer, CDU, gëschter. Säi Bundesland mécht vun e Méindeg un a bis den 10. Januar dicht, d'Crèchen, Schoulen a Geschäfter sinn zou, an och iwwer d'Feierdeeg gëtt net gelackert.
Lauschtert d'Politik elo op d'Wëssenschaft?
Och eng Rei aner Bundeslänner wëlle reajustéieren. Ausléiser dofir ass niewent de weider héijen Zuelen och en Opruff vun der Leopoldina, der Nationaler Akademie vun der Wëssenschaft. E Grupp vun 28 Wëssenschaftler, dorënner d'Virologe Sandra Ciesek a Christian Drosten, wéi och den RKI-Chef Lothar Wieler, huet däitlech gemaach, datt déi aktuell Mesuren net duerginn.
An d'Politik schéngt dorop ze lauschteren. Gëschter hunn op eemol eng ganz Rei Politiker annoncéiert, elo awer en Faveur vun engem méi haarde Lockdown ze sinn. Sou sot d'Angela Merkel haut de Moien am Bundestag: "Wann d'Wëssenschaft eis praktesch imploréiert, da sollte mir villäicht kucken, ob et net awer méiglech ass, d'Vakanz amplaz vum 19. Dezember schonn de 16. ufänken ze loossen."
Chrëschtshopping soll net ausfalen
De Problem: de Konsens schéngt ze sinn, datt eréischt no Chrëschtdag soll zougemaach ginn. Déi zwou Woche bis dohi leien deementspriechend nees an der Verantwortung vun de Leit. Eng wierklech Argumentatioun dofir gëtt et net, et wëllt e wuel dem Handel net d'Chrëschtdagsgeschäft futti maachen.
Datt dee Wee awer net zu enger Reduktioun vun den Infektiounszuelen, an a Konsequenz zu enger Reduktioun vun Intensivpatienten an Doudesfäll, féiert, dat hunn déi lescht fënnef Woche gewisen.