Deontologiekodex fir Ministeren: Prinzipiellen Accord
D'Regierung huet e prinzipiellen Accord iwwert dee geplangten Deontologiekodex fir Ministere fonnt, d’nächst Woch soll den Text definitiv ugeholl ginn. Anescht wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, wëll een net op de Wee vun engem Ministergesetz mee vun engem Règlement Grand-Ducal goen. Fir fréier Ministeren ass kee Verbuet virgesinn, dono an der Privatwirtschaft an engem ähnleche Ressort ze schaffen. Während zwee Joer nom Enn vum Mandat soll ee kee Gebrauch vun Informatioune maachen, déi ee just huet well ee Minister war. Wier dat awer de Fall, an een aneren Acteur mengt et wier ëm doduerch Schued entstanen, ass eng Plainte um Zivilgeriicht méiglech.
D'Explicatiounen vum Justizminister Felix Braz um Briefing no der Regierungsklausur zu Sennéng:
Sanktioune wéinst Interessekonflikter während der Post-Mandatsperiod vun zwee Joer sinn virgesinn wann “Schued” entsteet, deen ee kann noweisen:
Zur Ausso vum Luc Frieden am 100,7-Interview, datt de Xavier Bettel säin Accord fir de Wiessel bei d’Deutsche Bank ginn hätt, sot de Premier: