Deontologiekodex fir Ministeren
D’Regierung proposéiert an hirem neien Deontolologiekodex eng ganz Rei punktuell Changementer géigeniwwer dem Text, deen am Februar am Mémorial publizéiert gouf an deen nach vun der viirechter Regierung ausgeschafft gi war. Notamment si Präzisioune fir de private Gebrauch vun Déngschtween virgesinn: Wann ee Regierungsmember fir privat Zwecker mam Déngschtwon an d’Ausland fiert, muss en déi direkt Käschte – zum Beispill fir de Bensin – selwer droen. Weider Präzisioun: D’Corps-Diplomatique-Plaque si bei Auslandsreese just virgesinn, wann ee Minister am Kader vu senger Funktioun ënnerwee ass.
Gréisstendeels d’selwecht bleiwen d’Reegele ronderëm d’Akzeptéiere vu Kaddoen, an d’Evitéiere vu méiglechen Interessekonflikter. D’Ministere mussen da weiderhin deklaréiere wéi eng finanziell Bedeelegung si un Entreprisen hunn. Déi Declaratioun gëtt publizéiert, grad wéi dat am ale Kodex virgesi war. Nei ass dann, datt d’Ministere bei Mandatsuntrëtt och vu net remuneréiere Funktioune mussen demissionéieren, amplaz dat Amt just rouen ze loossen.
Nei ass och, datt all 20 Méint ee vun den dräi Membere vum Ethikcomité muss ersat ginn, sou datt eng Regierung ni dee ganze Comité kann auswiesselen, sou de Justizminister Felix Braz op enger Pressekonferenz.
Am Kodex selwer gi keng Sanktiounen erwähnt. Wann ee Minister géint d’Reegele verstéisst – awer keng penal Infraktioun virläit – ass et un der Regierung ze decidéieren, op ee Minister dee géint d'Reegele verstéisst muss demissionéieren oder net, sou de Felix Braz.
Wéi schon nom firlechte Regierungsrot bekannt gouf, gëtt d’Postmandatszäit anescht geregelt: dem ale Kodex no huet den Ethikcomité bei engem Wiessel an engem ähnleche Ressort een ëffentlechen Avis ofginn, een Avis deen awer kee contraignante Charakter hat. Lo ass virgesinn, datt de Premierminister esou een Avis kann ufroen, an d’Regierung iwwert d’Publikatioun vum Avis decidéiert: de Minister ass a sengem Beruffschoix weiderhi fräi. Während zwee Joer dierf hien confidentiell Informatiounen net u säin neie Patron viru ginn.
Grondsätzlech kréien d’Verhalensreegelen ee méi contraignante juristesche Charakter, well se net wéi bis elo just am Mémorial publizéiert ginn, mee an engem groussherzogleche Reglement. De Staatsrot muss de Projet elo nach aviséieren.
Hei fannt Dir de ganzen Text vum geplangten Deontologiekodex.
D'Presentatioun vum Justizminister:
De Bäitrag vum Pia Oppel:
Fir Transparency International Lëtzebuerg geet den Deontologiekodex fir Regierungsmembere wäit genuch. An engem Communiqué felicitéiert d’ONG der Regierung fir d’Ëmsetzung vum Kodex. E géing den Haaptrecommandatioune vun der EU Kommissioun am Kampf géint d’Korruptioun, a géing domadder d’Credibilitéit vun der Regierung verbesseren. Transparency International Lëtzebuerg erënnert awer och drun, datt elo séier d’Verhalensreegele fir Gemengepolitiker, héich Beamten an d’Personal vun den Etablissements Publiques missten ëmgesat ginn.
Anescht wéi Transparency International weltwäit, ass Transparency International Lëtzebuerg net iwwerzeegt vun enger Karenzzäit-Reegel fir fréier Regierungsmemberen. Datt d’Positioune vun de nationale Branchë vun der ONG variéieren, ass normal, heescht et op Nofro hinn beim europäesche Büro vun Transparency International zu Bréissel. Fir de Lëtzebuerger Kontext huet dee vun der Regierung proposéierten neien Deontologiekodex e gudden Equiliber fonnt, seet de President vun Transparency International Lëtzebuerg Yann Baden. D’Pia Oppel huet sech mat him ënnerhal: