Architektur Den OAI fuerdert méi Unerkennung fir Architekten

De Beruff Architekt an Ingenieur-Conseil misst zu Lëtzebuerg méi unerkannt ginn, seet de d'Michelle Friederici. Si ass nei Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) - déi éischt Fra op deem Posten. Si fuerdert eng besser Unerkennung vum Beruff, net just vu private Bauhären, mee och vum Staat.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Michelle Friederici

Käschte fir Prestatiounen déi an d'Luucht ginn, wieren u sech kee Probleem, wa se dann och deementspriechend bezuelt géife ginn. "Wa mer do Projetë maachen, datt mer do och esou remuneréiert gi wéi mer dat brauchen. Well eis Prestatioune sinn an deene leschte Joren net méi kleng ginn; se sinn nach méi gewuess."

D'Roll vum Architekt bei engem Bauprojet géif dacks net genuch unerkannt ginn, bedauert déi nei Presidentin vum Orde des Architectes et des Ingénieurs-conseils (OAI). Dee Manktem u Wäertschätzung géif een ënner anerem och u senger Remuneratioun erkennen, sou d'Michelle Friederici. Dat wier net just e Problem an der Relatioun vum Architekt mam private Bauhär, mee och bei Projeten, déi fir d'ëffentlech Hand realiséiert ginn. Den OAI appelléiert dofir u Staat a Gemengen, bei Soumissiounen net just op de Präis ze kucken.

"Mir wëllen dat cadréieren. Datt dat ee vun ville Pondératiouns-Punkten ass beim Choix vun enger Ekipp oder engem Büro."

Materialmangel suergt fir Retarden op de Chantieren

Datt et, Pandemie-bedéngt, e Manktem u verschiddene Matières premièrë gëtt, ass e Problem, dee vill Secteure vun der Ekonomie betrëfft. Och de Bau. Besonnesch Holz a Stol wiere rar - oder deier, sou déi nei Presidentin vum OAI, dem Ordre des Architectes et des Ingénieurs. D'Konsequenz: Et kënnt zu Retarden op de Chantieren, an d'Devisë kënnen net agehale ginn, sou d'Michelle Friederici.

"Et sinn net just d'Präishaussen, mee et ass och: Wéini kënne mer wat bauen? Et ass och vill opkaaft ginn vun Entreprisen, déi Saache stockéiert hunn, fir eppes ze hunn. Et ginn natierlech awer och Trittbtrettfahrer, do muss een oppassen... Déi dann op deen Zuch mat opklammen a soen 'elo froen ech emol méi.' Do ginn et ganz vill verschidde Voleten."

Prioritéit vun der neier OAI-Presidentin ass et, sech fir eng méi grouss Unerkennung vum Beruff vum Architekt anzesetzen. De Manktem u Wäertschätzung géif een. ë.a. och u senger Rémunératioun erkennen, sou d'Michelle Friederici. Si appelléiert an deem Kontext un d'ëffentlech Hand, bei Soumissiounen net just op de Präis ze kucken.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Kierch Kräiz
Nei Affectatioun

Wéi kënnen entweite Sakralbauten nei genotzt ginn? Mat dëser Fro hu sech Vertrieder vu Bistum, Gemeng, Denkmalschutz-Service an Architekten viru kuerzem op enger Table Ronde beschäftegt.

Jos Dell
Architektur

D'Vereinfache vun de Prozeduren ass fir de President vum Ordre des architectes et ingénieurs conseil eng Prioritéit. A Saachen Energieeffizienz ass de Secteur dem Jos Dell no gutt opgestallt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen