Den Härebierg soll 2014 fir 6 Milliounen € renovéiert ginn

Am Staatsbudget 2014 si 6 Milliounen Euro virgesi fir d’Militärkasär um Härebierg ze renovéieren. Dat sot eis de Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP). Den Härebierg wär zu engem groussen Deel an engem “desolaten Zoustand”. D'Enveloppe vu 6 Millioune wier eng éischt Etapp. De Minister wëll elo e gesamte Projet opstellen fir d’Renovatioun vum Härebierg.

Am Staatsbudget vun 2013 waren iwwregens 39 Milliounen Euro virgesi bei der Direction de la Défense. Fir 2014 sinn et bal 22 Milliounen Euro manner. "Dat läit doru well am “Fonds d’équipement militaire” nach genuch Suen si fir déi aktuell Engagementer vun der Arméi z’assuréieren", esou den Etienne Schneider, dee sot hien wéilt doriwwer eraus d’Acquisitiouns-Politik vun der Arméi iwwerdenken.

De Minister Schneider am Interview mam Gil Goebbels:
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-03-06-gg-PB18-ITW-Schneider-Herrëbierg.mp3"][/audio]

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen