Südspidol "Den Här Wimmer huet eng gewëssen Ausstralung"

"Kommt, mir ginn him eng Chance": déi Attitüd wier zeréckbehale ginn, wéi d'Kontrakter mam Architekt vum Südspidol viru Joren ausgeschafft gi sinn, seet den Direkter vum CHEM, René Metz. Den éisträicheschen Albert Wimmer hat 2015 den anonymme Concours fir den héichmoderne Projet zu Esch gewonnen. E bësse méi spéit war hien awer doheem seriö an d'Kritik geroden, an dat ass en och elo hei am Land: d'lescht Woch huet de CHEM no laangem Hin an Hir de Kontrakt mam Architekt unilateral gekënnegt. Et wiere Feeler geschitt, an dat net nëmmen op der Éisträicher Säit, seet de CHEM-Direkter.

Christiane Kleer / cbi

René Metz
Den Dr. René Metz ass zanter engem hallwe Joer den neien Direkter vum CHEM

De Resumé lauschteren


Hien huet de Projet Südspidol mat geierft, wéi hie virun engem hallwe Joer neien Direkter vum CHEM ginn ass. De Projet Südspidol wier ee vun de Grënn, firwat hien de Posten ugeholl hätt, sou de René Metz.

An der Vergaangenheet wieren awer Feeler geschitt, gëtt den Dr. René Metz zou: "soss wiere mer jo net haut obligéiert ze resiliéieren". Hie selwer wier frou gewiescht, wann hien e strukturéierten, kloren an transparente Projet hätt kënnen iwwerhuelen.

Problemer beim Projet

Dat wier de Projet awer net gewiescht, sou de René Metz, deen, grad wéi d'lescht Woch déi aner Responsabel vum Projet, haaptsächlech op Problemer mam Architekt a sengem Konsortium hiweist: Delaien, d'Käschten an d'Supervisioun vum Chantier wier net garantéiert gewiescht.

D'Lëtzebuerger Säit hätt sech awer eventuell ze vill vum Architekt blende gelooss, esou den Direkter vum CHEM:

"Dee vläicht och op der artistescher Säit an op der kreativer Säit ee Mënsch ass, deen ass awer scho beandrockend, deen huet eng gewëssen Ausstralung, an et huet een iergendwéi gemengt, deen ass awer kapabel, deen huet iergendwéi verstanen, datt en hei mat seriöe Leit ze dinn huet, an dee rappt sech um Bidon. Dat war awer net de Fall."

"Et si jo och Leit déi mengen, datt een aus senge Feeler ka léieren", sou de René Metz weider, an dorop wier also dunn opgebaut ginn, mat awer enger Iwwerzeegung am Hannerkapp: datt een dat "extrem enk" misst begleeden.

De Projet soll iwwerholl ginn

Elo sicht de CHEM een neie Partner, deen op de Pläng vum Albert Wimmer soll opbauen. Dat géif awer net einfach ginn, mee de René Metz geet dovunner aus, datt grouss Büroen a Gesellschaften, déi op europäeschem Plang gewinnt si fir Spideeler ze bauen, "do wäerten der schonn dobäi sinn, déi wäerte sech freeën".

40 Milliounen Euro un ëffentleche Gelder si bis elo engagéiert, 14 Milliounen si schonn un den Architekt bezuelt ginn. Deem seng Positioun zu Dossier ass trotz eiser Nofro net bekannt. De René Metz ass elo optimistesch fir d'Zukunft:

"Mir hunn eis elo sou opgestallt, datt dat do eis eigentlech net méi dierf virkommen, mir hunn d'Chance all op eis Säit gesat, mee ech wäert Iech awer haut lo net op de Kapp vu menge Kanner schwieren, datt net awer iergendee klenge Feeler an der Zukunft ka virkommen, mee ech maachen alles, datt dat net geschitt."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Christiane Kleer
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr René Metz, Georges Mischo, Sam Saberin
Südspidol

Déi Responsabel vum Südspidol rechnen domat, datt de Projet 2030 kéint fäerdeg ginn, also ronn véier Joer méi spéit wéi geplangt. Et géif lo alles dru gesat gi fir séier eng nei Ekipp opzestellen.

CHEM
Südspidol

D'Südspidol huet d'Zesummenaarbecht mam Albert Wimmer gestoppt, déi Responsabel hunn den Deputéiert haut Detailer ginn. D'Ekipp ëm den Architekt wier onzouverlässeg gewiescht, heescht et aus de Fraktiounen.

CHEM
Gesondheetssystem

Et deet sech eppes am Dossier Südspidol: Eisen Informatiounen no léisst de Centre Hospitalier Emile Mayrisch den Ament lafend Engagementer beim Projet juristesch préiwe fir aus bestoende Kontrakter eraus ze klammen.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen