Fir eng méi efficace Fuerschung an en Zesummeleeë vun hire Ressourcen z’erméiglechen, sinn eng Rei Fuerschungszenteren zu Lëtzebuerg an den Institut fir Zäitgeschicht (IHTP) transferéiert ginn. De Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe, de Centre d’études Robert Schumann an de Centre de documentation et de recherche sur la résistance et l’enrôlement forcé existéieren zënter dem 1. Juli net méi an hirer aler Form.
Hir fréier Fuerschungsschwéierpunkte bleiwen awer Bestanddeel vum IHTP. Déi digital an technesch Ressourcë vum CVCE sollen zur digitaler Strategie vun der Uni Lëtzebuerg bäidroen.
Bis elo gutt Kollaboratioun mat der Uni
“Den CVCE ass jo en Etablissement public, wat schonn zënter 2002 existéiert a sech ëm déi europäesch Integratiounsgeschicht këmmert, an dat ëmmer combinéiert mat den digitalen Technologië realiséiert huet”, sou déi fréier Direktesch Marianne Backes. Den Transfert an den IHTP war am Juni 2015 annoncéiert ginn. “Mir si relativ spéit ukomm fir dee ganzen Transfert ze realiséieren. Dat ass dat eenzegt, wat een elo vläicht ka regrettéieren”, sou d’Marianne Backes. D’Kollaboratioun mat der Uni wier awer ganz gutt gelaf, elo misst ee kucken, wat d’Zukunft bréngt.
D’Marianne Backes integréiert déi nei Struktur net, wiesselt dofir an de Kulturministère. Den Transfert vum CVCE an d’Uni gesäit si jiddefalls als eng Unerkennung un. “Dat ass fir eis effektiv eng Reconnaissance, a bis elo gesäit et sou aus, datt d’Uni sech engagéiert huet, déi Infrastruktur weiderzeféieren.” Wéi dat elo genee ass misst sech an den nächste Joren nach erginn.
Am September trëtt den neien Direkter vum Institut fir Zäitgeschicht, Andreas Fickers, säi Posten un. Seng éischt Aufgab besteet dann doranner, déi nei Fuerschungskonzepter vum Institut am Detail ze definéieren.
Dem Charlotte Bruneau sai Bäitrag iwwert de CVCE: