Demissioun vun der grénger Deputéiert Christiane Wickler : d'Politik als "Kultur-Crash" ?

Nëmmen e gutt halleft Joer no hirer Vereedegung demissionéiert d’Christiane Wickler als Deputéiert vun Déi Gréng. Dat huet d’Partei de Moie misse confirméiere well d’Informatioun duerch gesickert war. Eisen Informatiounen no, hat d’Geschäftsfra an de leschte Méint Schwieregkeete fir sech an der Welt vun der Politik erëm ze fannen.

E Member vun Déi Gréng schwätzt vun engem Kultur-Crash: d’Christiane Wickler, Direktesch vum Akafszenter Pall Center, wier eng aner Welt gewinnt. An der Politik an an der Chamber géif méi laang diskutéiert ginn, ier eng Décisioun fält – domat hätt d’Christiane Wickler sech schwéier gedoen. Inhaltlech Divergenzen tëscht der neier Deputéiert an der Partei wieren et net ginn.

En anere Parteimember confirméiert déi Vue : d’Mandat als Deputéiert wier fir d’Christiane Wickler net einfach gewiescht, well si aus enger Welt kéim, déi ganz anescht fonctionnéiert. Donieft wier et net einfach, e Vollzäit-Beruff an der Privatwirtschaft mat den Aufgabe vun engem Deputéierten ze combinéieren. Et misst ee sech d’Fro stelle, wéi attraktiv d’Politik nach ass fir Leit, déi net grad Affekot oder Fonctionnaire sinn.

D’Christiane Wickler war fir d’Neiwahlen de leschten Oktober Spëtzekandidatin am Wahlbezierk Norden, nieft dem aktuelle Staatssekretär Camille Gira. Si huet mat 3000 Stëmmen op der grénger Lëscht dat zweetbescht Resultat gemaach.

Fir muer 10 Auer hunn Déi Gréng eng Pressekonferenz aberuff, op där et Detailer ginn. Haut schonn deelt d’Partei mat, datt de Gérard Anzia fir d’Christiane Wickler noréckelt. De grénge Schäffe vun Useldeng war de véierten op der grénger Lëscht am Norden. Den drëtt gewielte Fränk Thillen kann net fir d’Christiane Wickler an d’Chamber noréckele, well hien de Schwoer ass vum gréngen Deputéierte Claude Adam.

Déi Gréng, déi vill Wäert op d’Fraequot leeën, verléieren deemno an der Chamber d’Paritéit tëscht Fra a Mann. Mam Christiane Wickler waren 3 Fraen an 3 Männer fir déi Gréng um Krautmaart. Nom annoncéierte Wiessel sinn et véier Männer an zwou Fraen. “Och eng Quot huet hir Limite wann de Wieler deem net ëmmer Rechnung dréit”, seet e grénge Politiker.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen