Demissioun Luc Frieden: Reaktiounen vun LSAP, ADR an déi Lénk
Och am Fall wou de Wiessel vum Luc Frieden bei d’Deutsche Bank sech als deontologesch net korrekt géif erausstellen, ginn et keng gesetzlech Bestëmmungen, déi dee Schrëtt verbidde – sou den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry an enger éischter Reaktioun. (De Code de Deontologie fir Ministeren ass réischt dest Joer a Kraaft getrueden a kann net réckwierkend applizéiert ginn, an dee geplangte Code de Deontologie fir d'Deputéiert gouf nach net ugeholl.) De Luc Frieden gouf laang als "Dauphin" vum Jean-Claude Juncker gehandelt, am Hierscht verloossen si allebéid déi national Politik: d’Kaarte ginn domadder nei gemëscht – sou d’Analys vum Alex Bodry:
Datt et eng Interessevermëschung gëtt, dat weist de Communiqué vun der Deutsche Bank selwer, sou de Serge Urbany vun déi Lénk: d'Bank géif do mat den Erfahrungen vum fréiere Finanzminister Reklamm maachen:
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet sengersäits bedauert, datt d’CSV ee méi wirtschaftsfrëndlechen a gesellschaftspolitesch méi konservativen Deputéierten géing verléieren: