Déifferdenger Buergermeeschter entschëllegt sech fir Juddeverfolgung am 2. Weltkrich
D'Déifferdenger Gemengenautoritéiten hunn d’Juddeverfolgung an den Ufanksjoere vun der Nazi-Occupatioun méi aktiv ënnerstëtzt wéi aner Gemengen. Zu där Conclusioun kommen dräi Chercheuren, déi hier Fuerschungsresultater elo an engem Buch publizéiert hunn. D’Gemeng Déifferdeng huet de Projet virun dräi Joer lancéiert a mat 30.000 Euro ënnerstëtzt.
Aner Gemengen hätten zum Beispill refuséiert Informatiounen iwwer jüdesch Bierger un d’Nazie weider ze ginn, dat hätt Déifferdeng also net misse maachen, seet dozou den haitege Buergermeeschter Roberto Traversini am 100,7-Interview. De Roberto Traversini huet sech gëschter am Numm vun der Gemeng entschëllegt fir dat wat deemools geschitt ass, dat bei der Ouverture vun der Ausstellung "Am Tag an dem unsere Wege sich trennten. Als Differdingen judenrein wurde".
D’Gemeng wëll des Erkenntnisser elo viru ginn, un d’Historiker-Kommissioun, déi zejoert vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker beoptraagt gouf gouf, d'Fro vun der Kollaboratioun vun de Lëtzebuerger Autoritéiten am Zweete Weltkrich opzeschaffen. Dësen Optrag, deen ugangs bis Mee 2014 sollt lafen, gouf vum Premier Xavier Bettel bis Dezember verlängert.
D'Pia Oppel huet sech mam Roberto Traversini viru senger Ried vu gëschter ënnerhalen:
Ier de gréngen Député-Maire d’Decisioun geholl huet, sech am Numm vu senger Gemeng z’entschëllegen, huet hien den Avis vum Paul Dostert gefrot. Den Direkter vum Dokumentatiouns- a Recherche-Zenter iwwert d’Resistenz erklärt am 100,7-Interview, datt de Roberto Traversini seng Excuse a sengen Aen an deem richtege Kontext formuléiert huet. Den Déifferdenger Buergermeeschter hätt "e gutt Beispill ginn, och vun Zivilcourage, well hien deen éischten ass deen dat gemaach huet", sou de Paul Dostert. Enger ähnlecher Decisioun vun der Regierung hätt de Roberto Traversini net virgegraff: ëmmerhi misst d'Regierung eng Excuse vu konkrete Fuerschungsresultater ofhängeg maachen, an net vun Präzedenzfäll op Gemengeniveau.
Den Interview mam Paul Dostert: