Déi grouss Chantieren vum Inneministère
Bei der Reform vun der Gemengefinanzéierung ass eng kloer Definitioun vun de kommunale Kompetenze néideg. Dat sot den Inneminister Dan Kersch dëse Weekend an onser Emissioun Riicht Eraus. Och wann dat net onbedéngt populär wier, misst een an esou engem Dossier awer och bereet si kontradiktoresch Décisiounen ze huelen, esou den Dan Kersch.
Wat déi sektoriell Pläng ugeet, déi fir de Logement, d’Mobilitéit, d’Aktivitéitszonen an d'Gréngzonen geduecht sinn, hätt et ënnert der leschter Regierung keng transparent Prozedur ginn fir déi auszeschaffen, esou den LSAP-Inneminister. Am Dossier Fonction Publique seet den Dan Kersch, datt am Regierungsprogramm festgehale gouf, datt den Accord iwwert d’Gehälterreform sou soll ëmgesat ginn, wéi e virun der leschter Regierung mat der CGFP ausgehandelt gouf. Elo géing een op den Avis vum Staatsrot waarden. Hie wier bereet op Detailfroe mat sech schwätzen ze loossen, esou den Dan Kersch.
Déi ganz Emissioun Riicht Eraus mam Inneminister Dan Kersch kënnt Dir hei nach emol nolauschteren. Moderatioun Carole Schimmer.