Andréck vun der Plaz Deeler vun Iechternach ginn evakuéiert

No vill Reen gëtt et grousse Schued, op e puer Plazen am Land hu Leit aus hiren Haiser missten evakuéiert ginn, ënner anerem zu Iechternach.

Pierre Reyland (Iechternach) cz

Iechternach 15.07.2021. wärend Iwwerschwemmung
Iechternach de 15. Juli 2021 viru 17 Auer

Wéinst den Iwwerschwemmunge ginn de Mëtteg Deeler vun der Populatioun evakuéiert. Dës Decisioun wier zesumme mam Buergermeeschter geholginn, sou de CGDIS. Eise Journalist Pierre Reyland beschreift d'Situatioun vun der Plaz.

Lauschteren


D'Evakuatioun ass de Moment amgaangen, d'Rettungdégschter probéieren de Moment nach fir sech en Iwwerbléck ze verschafen a wéi engen Haiser nach Leit sinn. Dowéinst operéiere se och mat Dronen, et sinn awer scho Schlauchbooter am Asaz fir d'Leit aus hieren Haiser a Wunnengen ze evakuéieren. Et hätt um 18 Auer mol opgehale mat reenen, sou eise Journalist op der Plaz.

Net ganz Iechternach muss evakuéiert ginn, mee déi Deeler am ale Stadzentrum an der Géigend vun der Gare a vum Trifolion.

Am Trifolion ass en Zentrum ageriicht ginn, fir Leit, déi evakuéiert goufen. Déi ginn dohi bruecht a kënnen da mat der Gemeng ofmaachen, wou se déi nächst Nuecht wäerten iwwernuechten. Eng ganz Partie Hotele hätte sech gemellt an och eng Partie Privatleit, déi bereet sinn ze hëllefen.

De Premier Xavier Bettel huet de Mëtteg och eng kuer Visitt zu Iechternach gemaach.

Méi zum Thema

Eng Tankstell de 15. Juli um 12 Auer zu Iechternach
Iwwerschwemmungen

D'Gemeng Beefort deelt mat, datt d'Krunnewaasser net benotzt soll fir ze drénken, Zänn wäschen, Geméis an Uebst botzen a fir d'Kachen. Krunnewaasser kann ee fir aner Zwecker benotzen: Toilette, Dusch, Spull a Botz.

Wéinst dem ville Reen an den ëmgefalle Beem ware verschidde Stroossen zäitweis gespaart
Iwwerschwemmungen

Wéinst den Iwwerschwemmunge si vill Stroosse gespaart. Et goufen och eng Partie Accidenter. Mir halen Iech hei um Courant, wéi eng Plazen Dir am beschten evitéiert.

Iwwerschwemmungen a Clausen
Iwwerschwemmungen

An de leschte Stonnen ass ongewéinlech vill Reen iwwer eisem Land gefall. Plazeweis goufen a ginn et Iwwerschwemmungen: dat virun allem laanscht d'Uelzecht. De CGDIS konnt de Moien keng Zuelen nennen, iwwer all Asätz, déi um Terrain waren.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen