Gaspräis Deckel op de Gaspräis: Lëtzebuerg éischter skeptesch

Lëtzebuerg steet engem Gaspräisdeckel op EU-Niveau éischter skeptesch géintiwwer, verschléisst sech awer och net komplett. Dat sot eis den Energieminister Claude Turmes op Nofro hin, no enger Renconter mat sengen europäeschen Homolog. An deem Conseil gouf et zwar e Konsens iwwer eng Rei weider Noutfallmesurë fir der Energiekris entgéint ze wierken. E formellen Accord dofir ass awer un der Blockad vun enger Partie Staate gescheitert.

Paule Rodesch / Carole Schimmer / cbi

Claude Turmes
Den Claude Turmes ass Energieminister. Foto: EU (Archiv)

Lauschteren


Ënner anerem Italien, Frankräich a Spuenie knäppen hir Zoustëmmung nämlech un d'Aféierung vun engem Präisdeckel um Gas-Akaf. D'EU-Kommissioun hat en Dënschdeg eng Propos fir esou e Plaffong ënner bestëmmte Konditioune virgeluecht: 275 Euro pro Megawattstonn.

D'Meenungen doriwwer ginn awer wäit auserneen. Däitschland, Portugal, déi baltesch a skandinavesch Länner gesinn déi Saach kritesch. Lëtzebuerg hätt nach keng formell Positioun, wier awer éischter virsiichteg, betount de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes;

"Mir iwwerliewen eigentlech just beim Gas, well mer Schëffer hunn, déi aus der ganzer Welt Flësseggas an Europa bréngen. A wa mer lo soen, "ab engem gewësse Präis bezuele mir net méi", dann ass de Risiko, datt déi Schëffer guer net méi bis an Europa kommen."

Grad Lëtzebuerg, ouni eege Gas-Ressourcen, wier drop ugewisen, datt d'Gas weider fléisst. Dofir géif een esou e Gaspräisdeckel, wann, dann och nëmme mat Sécherheetsgarantien acceptéieren, Iwwerdeems dierft een sech dovu keng Wonner erwaarden, seet de Claude Turmes:

"Am Endeffekt ass et sou, wann d'Demande méi grouss ass wéi d'Offer vu Gas, da kann de Präis net niddereg sinn. Dofir ass dat Allerwichtegst fir Gas ze spueren, sou wéi mer et mat Erfolleg zu Lëtzebuerg an och an Europa maachen."

Donieft wier et wichteg d'Gasspäicheren ze fëllen, wat aktuell de Fall wier.

EU wëllt zesumme Gas akafen

Vum 1. Januar u wëllen d'EU-Länner zesumme Gas akafen, dofir gouf gëschter um Conseil vun den Energieministeren en Text ugeholl, fir eng gemeinsam Akafsplattform ze schafen, erkläert den Energieminister.

"Wou dann all d'Länner soe wéi vill Gas datt se wëlle kafen a wou dann d'EU-Kommissioun dat fir all d'Länner koordinéiert. Doduerch kréie mer warscheinlech besser Präisser, well mer méi eng grouss Quantitéit akafen a mir verhënneren och, datt ee Land dat anert iwwerbitt."

Dat hat dëst Joer nämlech d'Präisser onnéideg an d'Luucht gedriwwen. E Konsens gouf et och iwwer en temporäert Reglement, fir d'Geneemegungsprozedure fir Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien ze vereinfachen an ze beschleunegen. Gréng Luucht krut bis ewell awer nach kee vun den Texter, ebe well verschidde Staaten hiren Accord un e Gaspräisdeckel knäppen.

Den 13. Dezember gesi sech d'Energieministeren aus de 27 EU-Memberlänner eng nächste Kéier, sollt et och do keen Accord ginn, ass schonn eng Woch drop eng weider Reunioun virgesinn.

Méi zum Thema

Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
Sommet zu Prag

Op hirem Sommet zu Prag hunn d'Staats- a Regierungscheffe wéi erwaart keng Decisiounen iwwert d'Aféiere vun engem Deckel um Gaspräis geholl. Et wier ee sech driwwer eens ginn, datt een zesumme Gas akafe wëllt, sou de Lëtzebuerger Premier.

Prag
EU-Sommet zu Prag

Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher um EU-Sommet stinn den Ukrain-Krich an d'Energiekris. Wat kënnen déi 27 EU-Länner géint déi héich Energiepräisser ënnerhuelen? En Deckel um Gaspräis bleift ëmstridden.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen