Decisiv Preparatiounsphas fir de Lëtzebuerger Militärsatellit

20150821-LuxGovSat-1000581-1024x768.jpg

Enn 2017 soll de Lëtzebuerger Militärsatellit lancéiert ginn. Mat deem Projet – eng Joint-Venture tëscht der Regierung an dem Satellittebedreiwer SES – ass d’Zil verbonn, de Lëtzebuerger Bäitrag fir d’Militärallianz NATO an d’Lut ze setzen.

De Militärsatellit ass awer net nëmme fir Defense-Zwecker geduecht, erklärt de Patrick Biewer, deen zanter zwee Méint Generaldirekter vu LuxGovSat ass, am 100,7-Interview. Nieft dem militäresche Volet wär de sécherheetstechnesche Volet ganz wichteg. Geplangt ass also och, kommerziell Applikatiounen unzebidden. E “Kompromëss”, deen de Patrick Biewer als eng wichteg Innovatioun gesäit.

De Moment ass de Militärsatellit nach an der Planungsphas: seng Finalitéite mussen genau definéiert ginn, an da steet de Bau vum Satellit selwer an och vun de Buedeminfrastrukturen nach un.

Iwwert den Zäitplang, d’Zilgrupp an den Ausbaupotenzial vum Lëtzebuerger Militärsatellit huet de Jean-Claude Franck mam Patrick Biewer geschwat.

Lauschtert de ganzen Interview:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen