Serie vu Spuer- a Steiermoossnamen décidéiert, mee net public
De Staatsministère kommentéiert d’100,7-Informatioun net, datt d’DP, LSAP an Déi Gréng sech scho während de Koalitiounsverhandlungen iwwer Spuer a Steiermesuren eens gi sinn. Eng Reaktioun géif et an der Äntwert op d’Question parlementaire vum Laurent Mosar ginn, heescht et. Den CSV-Deputéierte Mosar wollt gëscht vun der Regierung wëssen, ob et en net verëffentlechte “Regierungsprogramm Bis” gëtt, sou wéi déi liberal Familieministesch Corinne Cahen dat an engem Interview am Jeudi ugedeit huet. A wann jo, firwat deen net public ass.
Eisen Informatiounen no, goufen déi dräi Regierungsparteie sech schonn de leschten Hierscht während de Koalitiounsverhandlungen eens, eng Steier anzeféiere fir domat d’sozial Leeschtungen ze co-finanzéieren. Donieft wiere weider Spuer- a Steiermesurë festgehal ginn. Dat sot eis eng gutt informéiert Source. Offiziell ass dat bis haut net confirméiert.