Décisioun fir "Cargolux China" am Januar?

De Verwaltungsrot vun der Cargolux huet nach keng Décisioun geholl iwwer d’Grënne vun enger neier Airline a China. Eisen Informatiounen no ass virgëscht just eng Presentatioun vun der Faisabilitéitsetude gemaach ginn. De Bureau Roland Berger huet fir den Ufank eng Flott vun dräi Fliger virgeschloen. De chinesesche Co-Aktionär HNCA huet sech nach eng Kéier fir eng Joint-Venture mat der Cargolux ausgeschwat. Eng Décisioun gëtt fréistens am Januar geholl wann de Verwaltungsrot fir d’nächst zesumme kënnt. Ze kläre bleift wéi séier Cargolux China ka rentabel ginn.

Den Direkter Dirk Reich soll iwwerdeems vum Verwaltungsrot op d’Plaz gesat gi si, well de Conseil an der Lescht verschidden Informatiounen iwwer d’Press krut amplaz iwwer d’Firma selwer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen