Decarbonifizéierung vu globaler Economie bis 2100 ?

Am Virfeld vun der Paräiser Klima-Konferenz Enn des Joe s gouf et des Woch zwou Äusserungen, déi d’Potential hunn, fir den Debat an den Décisiounsprozess em de Klimawandel ze beaflossen. Dass d’Erwäermung vun der Äerdatmosphär muss gebremst ginn, schéngt kloer. Net evident ass, wéi dat soll goen a wien den Effort soll maachen. Dir héiert eng Wirtschaftskronik vum Jean-Paul Hoffmann:

 

Et ginn esou Deklaratiounen, déi d’Zäre vun der Auer bewegen. Eng dovu koum des Woch vu Berlin, a gouf gemaach um Rand vun engem Treffen tëscht der Kanzlerin Angela Merkel  an dem franséische President François Hollande. Mir striewen eng komplett Decarbonifizéierung vun der globaler Economie am Laf vun dësem Jorhonnert un, soten déi zwee Staatschefen an enger gemeinsamer Deklaratioun. Loft- an Ëmweltverschmotzung duerch fossil Energië sollen op Null gedréckt ginn.

Dat ass eng Ambitioun, déi an hirer Radikalitéit awer bemierkenswert ass. Si kënnt ëmmerhi vun der politescher Chefetage vun  zwee vun de G7 Länner; dat ass en Environnement, wou gemenkerhand e bësse méi Rücksicht geholl gëtt op d’wirtschaftlech Interête vum Energie-Establishment. Och wann den zäitleche Kader bis zum Enn vum Jorhonnert nach vill Sputt léisst, gëtt hei awer eng  politesch Disponibilitéit signaliséiert, fir sech onpopulär ze maachen, well net nëmme Gewunnechte vum Eenzelnen, mais ganz Wirtschaftszweiger mat der Zäit hei mussen iwwer de Koup geheit ginn.

Di zweet memorabel Äusserung vun der Woch kënnt vu Washington, an zwar aus der Bürokratie vum Internationale Währungsfonds. Do huet eng Grupp vu Chercheure probéiert, de monetäre Géigewäert vun de staatlechen Energiesubventioune weltwäit ze rechnen. Dobäi kennt den astronomesche Chiffer vu 5 300 Milliarden Dollar eraus – alleng fir ee Joer, wuel gemierkt.

Wéi geet déi Rechnung? Vereinfacht gesot, gouf op der enger Säit d’ valeur de marché vun der verbrauchten Energie ermëttelt (also d’Zomm vum Präis vun alle Liter Diesel a Bensin a vun all Tonn Kuel a vun all aner Energieträger, déi verbraucht ginn). An op der aner Säit gouf de reale Käschtepunkt vun der selwechter Energie gekuckt, wann een och géing externaliséiert Käschte berücksichtegen déi net am Präis dra sinn. Wéi zum Beispill d'Käschte vun Autosaccidenter, awer virun allem och d'Effete vun der Ëmweltverschmotzung op d'Gesondheet vun de Leit – also zum Beispill d'Käschte vir d'Behandlung vun Asthma-Patienten oder aner gesondheetlech Schied. Des Käschte sinn externaliséiert, well si net am Präis vun der Energie dra sinn, mais iwwer aner Weeër, zum Beispill Steieren oder Krankekeesen an aner Assurancë finanzéiert ginn. D'Differenz tëscht den 2 Chifferen ergëtt d’Zomm vun de Subsiden, mat deenen d'Allgemengheet d'Energiekäschte bezuschusst. 5 300 Milliarden.

Pikanterweis entsprécht dëse Betrag in etwa den ëffentleche staatlechen Depensë fir Gesondheet  an engem Joer op der ganzer Welt, ëmgerechent iwwer 6 Prozent vun der ganzer weltwäiter Wirtschaftsleeschtung. Also an aner Wieder, d’Rechnung ergëtt, dass finanziell Ressourcen an engem gewaltegen Ausmooss falsch agesat ginn.

U sech ass d’Rechnung vun den IWF-Experten en Appel fir eng vill méi strikt Taxéierung vun den Energieträger. An och wann den Haaptschëllegen an dësem Beräich d'Kuel ass (well si trotz hirem Ëmweltimpakt kaum bis guer net mat Accisen a Steiere beluecht gëtt,) sou liest sech den IWF-Pabeier trotzdem wéi eng Ukënnegung fir eng weider mise en cause vum Lëtzebuerger  Tanktourismus.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

  • Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen