Debatt iwwer Auslännerwahlrecht ass lancéiert

D’CSV an d’Regierung si sech an de grousse Linnen eens fir den Zougank zur Lëtzebuerger Nationalitéit ze vereinfachen. Onofhängeg dovu wënscht d’Regierung sech zousätzlech an der Verfassung en Auslännerwahlrecht, woumat d’CSV net averstan ass. Dat huet d’Diskussioun am Riicht Eraus Spezial vum 25. Abrëll gewisen. Sechs Woche virum consultative Referendum vum 7. Juni hunn de Vize-Premier Etienne Schneider (LSAP), den CSV-President Marc Spautz, de CGFP-Generalsekretär Romain Wolff an de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vun der UEL, dem Dachverband vun den Entreprisen, iwwer d’Auslännerwahlrecht diskutéiert.
De Marc Spautz huet dem Etienne Schneider virgeheit, d’Regierung wéilt d’Vollek als Geisel huele well d’Regierung fir en Auslännerwahlrecht net déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber huet. Den Etienne Schneider sot sech “katastroféiert” iwwert déi Ausso.
E Lapsus gouf et direkt am Ufank vun der Table Ronde, déi an der Chambre de Commerce opgeholl gouf : den Etienne Schneider sot, fir d’Auslännerwahlrecht missten d’Nët-Lëtzebuerger just ee vun de Critèren erfëllen, dat heescht 10 Joer am Land wunnen oder scho bei Gemengen oder Europawahle matgemaach hunn. Richteg ass awer, datt déi zwou Konditioune mussen zesummen erfëllt sinn. De Marc Spautz huet dem Vize-Premier (LSAP) virgeheit, d’Referendumsfroen net ze kennen.
De Romain Wolff (CGFP) sot, d’Staatsbeamtegewerkschaft wier géint d’Auslännerwahlrecht awer net géint eng méi grouss Integratioun vun Net-Lëtzebuerger. Egal wéi de Referendum ausgeet misst d’Chamber sech un d’Resultat halen, esou de Message un de Marc Spautz (CSV), deen sech net fest geluecht huet, ob d’CSV sech un d’Resultat hale wëll.
De Jean-Jacques Rommes (UEL) ass der Meenung, datt d’Auslännerwahlrecht just ee vu méi Elementer ass fir den “demokrateschen Defizit” zu Lëtzebuerg ze behiewen. D’Fonction Publique wier an der Wielerschaft iwwerrepresentéiert, well d’Auslänner keen nationaalt Wahlrecht hunn.
D’Table Ronde, mat interessante Reaktiounen an Erfahrungsberichter aus dem Publikum, kënnt Dir hei nolauschteren :