De Wollef kënnt zeréck
De Wollef breet sech a Zentraleuropa rëm aus. Experte no, ass net d'Fro ob de Wollef och op Lëtzebuerg zeréck kënnt, mee wéini. No méi wéi 120 Joer kéint also den natierleche Feind vu ville wëllen Déierenaarten also rëm geschwënn do sinn. Déi lëtzebuerger Jeeërfederatioun begréisst dat, fuerdert awer e Plang vun der Regierung. Déi lëtzebuergesch Déierezuchtorganisatioun Convis dogéint huet weiderhi Bedenken.
Den Dossier vum Tessy Steffen-Koenig: