De Wahlprogramm vun der PID

D'Partei fir Integral Demokratie vum Jean Colombera huet de Moien hire Walprogramm zu Réimech op engem Schëff presentéiert. D'Partei wëll e radikale Systemwiessel. D'Politik dierft net méi vun de Sue bestëmmt ginn, mee vum Wuel-Ergoe vun de Leit. Fir d'Economie ze relancéieren an de Chômage ze bekämpfe proposéiert d’PID, d’Steieren an Taxe fir Betriber drastesch erofzesetzen. Da géinge Betriber méi produzéieren, méi verdéngen, an da géing de Staat seng Suen erëm erakréien.

De Parlamentarismus wëll d’PID esou reforméieren, datt d'Ministerposte proportional zum Walresultat verdeelt ginn. Als Wahlzil sot de Jean Colombera, ee Sëtz wier eng Sensatioun, et géing een de politeschen Engagement net kuerz-, mee laangfristeg gesinn.

Méi dozou am Bäitrag vum Jean-Claude Wolff, de 6. Oktober am Owes-panorama:

 

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen